De San Francisco Symphony huet gëschter an engem Communiqué den Doud vum Dirigent Michael Tilson Thomas annoncéiert. No engem aggressiven Tumeur am Gehier, géint deen hien zanter 2021 gekämpft huet, ass den Dirigent mat 81 Joer gestuerwen – an dat doheem, entouréiert vu senger Famill a senge Kolleegen. Trotz senger Krankheet war de Michael Tilson Thomas, och MTT genannt, weiderhin aktiv an der Welt vun der Musek. Den MTT hat am Alter vun 29 Joer beim San Francisco Symphony ugefaangen a war an deenen 52 Joren, wou hie beim Orchester matgewierkt huet, bei iwwer 1.800 Concerten dobäi. Vun 1995-2020 huet hien den Orchester dirigéiert an huet ënner anerem de Label vum Orchester matgegrënnt. De Label SFS Media huet zanterhier eng Rei u Grammy Awards fir seng Opname gewonnen. Dem Dirigent säi leschte Concert war am Abrëll 2025, fir säin 80. Gebuertsdag. Um Programm stoungen d'”Feste Romane” vum Respighi, esou wéi “The Young Person’s Guide to the Orchestra” vum Benjamin Britten, e Stéck, dat den Thomas 1995 bei sengem éischte Gala mam Orchester dirigéiert hat. De Michael Tilson Thomas bleift senge Kolleegen als aussergewéinlechen Artist an Erënnerung, deen en Deel vum Kulturliewen zu San Francisco an als Mënsch immens léif a generéis war. Wéi 2025 kloer war, datt seng Krankheet onheelbar wier, huet de Michael Tilson Thomas Follgendes gesot: "A 'coda' is a musical element at the end of a composition that brings the whole piece to a conclusion. A coda can vary greatly in length. My life’s coda is generous and rich."
Doud vum Michael Tilson Thomas
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Michael Tilson Thomas (Foto: San Francisco Symphony )
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Sequenda: Lëtzebuerger Opféierung vun "Gianni Schicchi"
Den éischten Operestudio zu Lëtzebuerg bréngt den 11. September Puccini op d'Bün.
Jacqueline du Pré: Stee am Wäert vun 52.000£
D'Schwëster vun der berüümter Cellistin huet elo eng ganz Rei perséinlech Géigestänn aus der Kandheet versteeë gelooss.
Den 300. Gebuertsdag vun engem duebele Liewen
De François-André Danican Philidor (1726-1795) war en Expert am Schach, mee huet awer och méi wéi 25 Opere geschriwwen.
Elbphilharmonie: E Bilan no 10 Joer
Déi 10. Saison huet den 1. September ugefaang. Huet d'Concertshaus seng Konditiounen erfëllt a seng Kritiker iwwerzeegt?
De Gautier Capuçon gëtt 45 Joer al
Joyeux anniversaire un de franséische Starcellist
Wéi den Arnold Schönberg d’Welt vun der Musek op d’Kopp gestallt huet
Haut virun 114 Joer goufen zu London déi "Fünf Orchesterstücke Op. 16" uropgefouert.
Nei Leedung vum Kulturhaus Nidderaanwen
Vun der neier Rentrée 2026 u wäert den Giovanni Trono neien Direkter vum Kulturhaus Nidderaanwen ginn. Dat deelt d’Kulturhaus an engem Schreiwes mat.
André Rieu sicht no jonkem Talent fir säin nächste Chrëschtconcert
Wann äert Kand tëschent 4 an 8 Joer al ass, eng gutt Stëmm a keng Angscht virun der Bün huet, kéint de Concert mam André Rieu am Dezember eng perfekt Geleeënheet sinn.
"Mein lieber Schwan" - Een Zitat aus "Lohengrin" vum Richard Wagner
“Mein lieber Schwan” - Wosst dir, datt dës Riedensaart eréischt duerch dem Richard Wagner seng Oper “Lohengrin” berüümt gouf?
Zu Liefzäiten ënnerschat - Wie war d’Rebecca Clarke?
Vun enger talentéierter Braatschistin zu enger vun de bedeitendste Komponistinne vum 20. Joerhonnert. Dat war de Liewenswee vun der Musekerin Rebecca Clarke.
Original Géigestänn vum Freddie Mercury kommen ënner den Hummer!
3 Millioune Pond ginn sech ë. a. vum Freddie Mercury sengem Piano, Teddybier oder och Mikrofon bei enger Auktioun an England erwaart.
Méigleche Streik beim Boston Symphony Orchestra?!
Nodeems de Chefdirigent Andris Nelsons säi Kontrakt net verlängert kritt, sinn d'Musekerinnen a Museker vum Boston Symphony Orchestra kuerz virdrun ze streiken.
Anne-Sophie Mutter feiert viru 50 Joer hiren Debut als Geiistin
Den 23. August 1976 feiert déi deemools 13 Joer jonk Anne-Sophie Mutter hiren Debut zu Meggen bei Luzern. Vun hirem Brudder um Piano begleet gëtt si séier zu engem Phänomen.
Lëtzebuerger Tingshuo Yang gewënnt Uergelconcours an Nordirland
Den éischte Präis bei der Northern Ireland International Organ Competition geet un de jonke Lëtzebuerger Organist Tingshuo Yang.
“Ich habe die große Ehre, auf dem Instrument von Mozart zu spielen"
Den 12. September 2026 spillt den David Garrett zu Salzburg e Benefice-Concert op der "Dalla-Costa-Gei" vum Wolfgang Amadeus Mozart
Klassik bis an den Technoclub - Daniel Barenboim grënnt neie Festival
Mat dem "West-Eastern Divan Festival" wëll den 83 Joer alen Dirigent a Pianist Daniel Barenboim zu Berlin d'Klassik bis an den Technoclub Berghain bréngen.
Nei Doku iwwer d'Yuja Wang
D'Regisseurin Lorna Tucker erméiglecht e Bléck hanner d'Kulissen vun enger Weltkarriär.
7.900 Nolauschter:innen pro Dag um Opus
Merci fir d'Nolauschteren! 7.900 Nolauschterinnen a Nolauschterer am Dag - esou vill Leit erreecht den Opus.
Fir d’Klassik- a Kinosfans: Stradivari-Film an den däitsche Kinoen
Véier seele Stradivari-Instrumenter fir ee Concert zesummebréngen - kléngt einfach, mee d’Museker selwer mussen och zesummefannen ...