De Richard Wagner huet déi lescht Méint vu sengem Liewen zu Venedeg an enger Residenz verbruecht, déi ee virun e puer Joerzéngten ënner privater Hand als Musée ëmfonctionéiert huet. Mee elo soll dëse Musée a staatlech Hand kommen. Duerch dëse Beschloss wäert dann och wuel vun 2027 u Bayreuth méi enk mat Venedeg zesummeschaffe fir de Patrimoine vum Richard Wagner ze konservéieren.
De Richard Wagner ass am Palazzo Vendramin Calergi verstuerwen, dee bis haut als private Musée geféiert gouf. Mee elo soll dëse Musée da vum Staat iwwerholl ginn. Ze gesi sinn net just Raimlechkeeten, mee deelweis och privat Dokumenter, geschriwwen oder gedréckte Quellen a weider privat Géigestänn.