Dir hutt Loscht ee Concertsowend mat klassesch-romantesche Kläng aus dem Mierscher Theater ze erliewen?
Den Opus iwwerdréit de Fréijoersconcert vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg an hirem Dirigent Pit Brosius live aus dem Mierscher Theater. Déi jonk Museker:innen huelen Iech mat a Wierker vu Wolfgang Amadeus Mozart, Joseph Haydn a Jean Sibelius.
De Guy Engels moderéiert live vun der Plaz a begleet Iech duerch dës Concerts-Soirée.