D’Stëftung zur Fuerderung vu jonke Kënschtlerinnen a Kënschtler zu Lëtzebuerg annoncéiert datt de Prix Mameranus 2026 sech dëst Joer em d’Trompett wäert dréinen. D‘Präisiwwerreeschung wäert zu Mamer am Hiescht 2026 stattfannen. D’Gewënnerin oder de Gewënner ka souwuel aus der Jazz- wéi aus der Klassikszen kommen.
D’Bedingung ass, datt een zum Zäitpunkt vu senger Umellung d’Instrument nach spillt, ënner 30 ass an en direkte Bezuch zu Lëtzebuerg huet, sief et duerch d’Nationalitéit, de Wunnsëtz, well een do schafft oder engem seng Famill do wunnt. Bis den 1. Juni 2026 kann ee seng Kandidatuer arreechen.
De Conseil d’Administration vun der Stëftung kuckt sech dann zesumme mat Experten d’Umellungen un an luet se dann op eng Auditioun an, ier déi final Entscheedung getraff gëtt. Mëtt Juni 2026 gi mer gewuer, wie selektionnéiert ass. Weider Informatioune ginn et um Internetsite vun der Mamer Gemeng.