Haut blécke mir zeréck op de 16. Mäerz 1881. Deen Dag, nom julianesche Kalenner ass nämlech de russesche Komponist Modest Mussorgsky gestuerwen. Hien ass nëmmen 42 Joer al ginn, stierft deemools un de Follge vu sengem héijen Alkoholkonsum. De Mussorgski hat Problemer mat senger mentaler Gesondheet, hien hat ganz schlëmm Depressiounen an säin Alkoholismus huet dat Ganzt net besser gemaach.
Mee hie war awer och e richtege Rebell. Hie wollt sech vun de Konventiounen an de Strukturen a virun allem vun der Traditioun vun der russescher Musek befreien an déi "russesch Séil" duerch seng Musek ausdrécken.