Den Echterclassic Festival wäert dëst Joer vum 9-11. Oktober am Trifolion stattfannen an dëst Joer sinn nees renomméiert Kënschtler:innen, déi optrieden: De Festival start mam Meedercherschouer Scala & Kolacny Brothers, deen en plus säin 30. Jubiläum dëst Joer feiert. Déi franko-israeelesch Mezzosopranistin Naama Liany hëlt eis mat op eng Rees duerch d'Klangwelt vum 20. Joerhonnert mat engem Concert ënner dem Titel “Cité d'Amour”. De Saxofonist Andreas Mader presentéiert säin neie Projet “IN MOTION": zesumme mat 12 Museker:innen gëtt d'Musek mat Beweegungen a visuellen Elementer vermëscht. A schlussendlech gëtt de Festival mat enger Matinée ofgeschloss, bei där den Duo Kiasma mam Pierre Fontenelle a mam Frin Wolter d'Kläng vum Akkordeon a vum Cello anenee verschmëlze léisst. Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vum Trifolion. Den Ticket fir déi 3 Deeg Festival kascht 99 €, bzw 69 € fir Leit ënner 27 Joer. Tickete fir d'Concerte kënnen awer och eenzel kaaft ginn.
D'Programmatioun vum Festival Echterclassic ass eraus!
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Den Arvo Pärt gëtt 91 Joer al
Alles Guddes un de weltberüümten estnesche Komponist.
Mir kennen d'Finalistin an d'Finaliste vum Uergelconcours Carlo Hommel!
Haut den Owend ass d'Finall, mat dobäi sinn eng Süd-Koreanerin, een Däitschen an ee Lëtzebuerger.
Den Herbert Blomstedt kritt de Konschtnobelpräis
De schweedeschen Dirigent ass mam japanesche Praemium Imperiale Präis fir seng laang Karriär ausgezeechent ginn.
Sequenda: Lëtzebuerger Opféierung vun "Gianni Schicchi"
Den éischten Operestudio zu Lëtzebuerg bréngt den 11. September Puccini op d'Bün.
Jacqueline du Pré: Stee am Wäert vun 52.000£
D'Schwëster vun der berüümter Cellistin huet elo eng ganz Rei perséinlech Géigestänn aus der Kandheet versteeë gelooss.
Den 300. Gebuertsdag vun engem duebele Liewen
De François-André Danican Philidor (1726-1795) war en Expert am Schach, mee huet awer och méi wéi 25 Opere geschriwwen.
Elbphilharmonie: E Bilan no 10 Joer
Déi 10. Saison huet den 1. September ugefaang. Huet d'Concertshaus seng Konditiounen erfëllt a seng Kritiker iwwerzeegt?
De Gautier Capuçon gëtt 45 Joer al
Joyeux anniversaire un de franséische Starcellist
Wéi den Arnold Schönberg d’Welt vun der Musek op d’Kopp gestallt huet
Haut virun 114 Joer goufen zu London déi "Fünf Orchesterstücke Op. 16" uropgefouert.
Nei Leedung vum Kulturhaus Nidderaanwen
Vun der neier Rentrée 2026 u wäert den Giovanni Trono neien Direkter vum Kulturhaus Nidderaanwen ginn. Dat deelt d’Kulturhaus an engem Schreiwes mat.
André Rieu sicht no jonkem Talent fir säin nächste Chrëschtconcert
Wann äert Kand tëschent 4 an 8 Joer al ass, eng gutt Stëmm a keng Angscht virun der Bün huet, kéint de Concert mam André Rieu am Dezember eng perfekt Geleeënheet sinn.
"Mein lieber Schwan" - Een Zitat aus "Lohengrin" vum Richard Wagner
“Mein lieber Schwan” - Wosst dir, datt dës Riedensaart eréischt duerch dem Richard Wagner seng Oper “Lohengrin” berüümt gouf?
Zu Liefzäiten ënnerschat - Wie war d’Rebecca Clarke?
Vun enger talentéierter Braatschistin zu enger vun de bedeitendste Komponistinne vum 20. Joerhonnert. Dat war de Liewenswee vun der Musekerin Rebecca Clarke.
Original Géigestänn vum Freddie Mercury kommen ënner den Hummer!
3 Millioune Pond ginn sech ë. a. vum Freddie Mercury sengem Piano, Teddybier oder och Mikrofon bei enger Auktioun an England erwaart.
Méigleche Streik beim Boston Symphony Orchestra?!
Nodeems de Chefdirigent Andris Nelsons säi Kontrakt net verlängert kritt, sinn d'Musekerinnen a Museker vum Boston Symphony Orchestra kuerz virdrun ze streiken.
Anne-Sophie Mutter feiert viru 50 Joer hiren Debut als Geiistin
Den 23. August 1976 feiert déi deemools 13 Joer jonk Anne-Sophie Mutter hiren Debut zu Meggen bei Luzern. Vun hirem Brudder um Piano begleet gëtt si séier zu engem Phänomen.
Lëtzebuerger Tingshuo Yang gewënnt Uergelconcours an Nordirland
Den éischte Präis bei der Northern Ireland International Organ Competition geet un de jonke Lëtzebuerger Organist Tingshuo Yang.
“Ich habe die große Ehre, auf dem Instrument von Mozart zu spielen"
Den 12. September 2026 spillt den David Garrett zu Salzburg e Benefice-Concert op der "Dalla-Costa-Gei" vum Wolfgang Amadeus Mozart
Klassik bis an den Technoclub - Daniel Barenboim grënnt neie Festival
Mat dem "West-Eastern Divan Festival" wëll den 83 Joer alen Dirigent a Pianist Daniel Barenboim zu Berlin d'Klassik bis an den Technoclub Berghain bréngen.