London ass duerch seng Gagen a Loyerskäschte wuel keng Optioun méi fir de weltbekannten Tenor Jonas Kaufmann.
Dee weltbekannten Tenor Jonas Kaufmann zitt et an der nächster Zäit wuel net méi a Groussbritannien. Dat geet aus engem Interview mat BBC 3 ervir, wou den Operesänger vun den nidderege Gagen an de par Rapport ze héijen Niewekäschte schwätzt. Och mat der weltbekannter MET Opera géifen et Onstëmmegkeete ginn, déi de Museker am Moment net dozou beweegen, do opzetrieden.