Haut viru genee 330 Joer stierft den Henry Purcell, ee vun de bedeitendsten englesche Komponisten aus dem Barock-Zäitalter, dee schonn zu Liefzäite fir seng Verdéngschter mam Éierentitel Orpheus Britannicus gewierdegt gouf.
Mee wéi ass et dozou komm, datt dëse wichtegen a grousse Mann am Alter vun nëmme 36 Joer stierft? Dozou ginn et verschidden Theorien, well wéi eng Krankheet schlussendlech zu sengem Doud geféiert huet, konnt bis elo nach net mat Sécherheet gekläert ginn.