Den 12. Mee 2026 gëtt et eng Uropféierung vum Ivan Boumans senger Musek zesumme mam Sinfonieorchester vu Liechtenstein an dem Kontrabassist Marc André. Geschriwwen huet den Ivan Boumans ee Wierk fir de Marc André, dee mat sengem Talent aktuell als ee vun de gréisste Kontrabassiste gëllt.
Wéi Pizzicato.lu mellt, bezeechent den Ivan Boumans dës Uropféierung als “grouss Éier, mee och eng grouss Verantwortung!”