Am Mëttelpunkt steet dëse ganze Weekend an och den Ufank vun nächster Woch d’Duerf Stolzebuerg am Nordoste vum Land. An och seng Kierch. Dat am Kontext vu gregorianeschem Gesang, zäitgenëssesche Kompositiounen an och Instrumenter fir unzepaken an ze lauschteren. D’Pëtschter Gemeng an d’Kulturkommissioun invitéieren op de Festival Odo Sonoritas. Ee Festival, dee vum Christophe Unkelhäusser an d’Liewe geruff gouf.
Alleguer d'Infoe fannt Dir ënner www.stolzembourg.lu.