Lucie Krysatis ass eng jonk Lëtzebuerger Cornistin an huet mat 6 Joer well um Stater Conservatoire mam Instrument Cor ugefaangen. Séier koume Präisser an d’Regal, wéi de Prix SACEM, de Sonderpreis beim Bayresche Rundfunk oder den EMCY Award 2014.
2021 geet si no hire Studien zu München a Berlin op Hamburg, wou si un der Akademie vun der NDR Elbphilharmonie am Orchester spillt. Hei gëtt si ee Joer drop dann och Solohornistin vun den Hamburger Symphoniker.
Elo kënnt dann ee weidere Stepp op d’Musekerin duer. Wéi d’Hornklasse vun Hamburg op hire Soziale Medien deelt, begréisse si d’Lucie Krysatis als nei Dozentin. Hir Tâche wäert et virun allem sinn Orchestertraiten ze begleeden, spriech fir Probespielstellen an Orchesterplazen.