Dir spillt Cor an hutt Loscht International Bekanntschaften a Frëndschaften ze schléissen?
Dat bitt dëst Joer d’International Horn Society aus der Belsch a Lëtzebuerg, déi den 23. November vu Moies bis Owes ee ganzen Dag dem Cor dediéieren. An der belscher Stad Mechelen, eng 200km vu Lëtzebuerg fort invitéieren d’Lëtzebuerg-Belsch Societéit op ee Ganzdagsevent mat Opféierungen, Workshoppen, Gaaschtkënschtler mat nationaler an internationaler Renommée an och Diskussiounen a Virträg. Umelle kann een sech iwwert een Online Dokument, dat d’International Horn Society op hirem Internetsite an de Soziale Medien zur Verfügung stellen.
Lass geet et mam Ganzdagsevent den 23 November um 9h30 Moies.