Haut viru genee 110 Joer gëtt dem Richard Strauss seng "Alpensinfonie" op.64 zu Berlin mat der Dresdner Hofkaapelle uropgefouert. Op engem 28. Oktober 1915 mam Dirigent Richard Strauss héchstperséinlech.
D’Alpensinfonie ass awer vill méi wéi “nëmmen” ee Musekswierk. Et ass ee Gedicht iwwert een Dag an den Alpen. A wien an de Bierger ënnerwee ass, dee weess do kann een sou munches begéinen. Gutt Wieder, schlecht Wieder, Mënschen, Déieren. An genee dat héiert een och an der Alpensinfonie vum Richard Strauss. D’Orchestréierungen ass esou konterbont, dass ee Wand an Donnermaschinnen zum Deel asetzt, Kouklacken an natierlech een enorm groussen Orchester mat iwwer 100 Musikerinnen a Museker.