De Sir Malcolm Arnold (1921-2006) war ee vun de bedeitendste brittesche Komponiste vum 20. Joerhonnert, an dach ass säi Numm haut net méi dacks ze héieren. Bekannt gouf hie virun allem duerch seng vill Filmmuseken, dorënner d’Musek zum Film "The Bridge on the River Kwai", mat där hie souguer en Oscar gewonnen huet.
Dem Arnold seng Musek war virun allem melodesch, lëschteg a voller Liichtegkeet, eppes wat fir d’Leit richteg erfrëschend war, an enger Zäit, wou ëmmer méi dissonant Musek opkoum. Dohier war hien an den 1950er a 60er Joren niewent dem Benjamin Britten ee vun den erfollegräichste Komponisten a Groussbritannien. Säi Stil gouf allerdéngs vun der kritescher Elitt net eescht geholl, virun allem an enger Zäit, wou déi avant-gardistesch, atonal Musek als modern an "intellektuell" gegollt huet. D’Kritiker hunn hien als “konservativ” ofgestempelt, well seng Musek ze melodesch an ze einfach wier.
Déi laangjäreg Kritik huet sech och schwéier op dem Arnold seng mental Gesondheet ausgewierkt. Hien huet mat Depressiounen an Alkoholismus gekämpft, a seng psychesch Problemer waren sou gravéierend, datt hien sech selwer an eng Klinik agewisen huet.
Trotz allem hunn säin Humor, seng Mënschlechkeet a seng Musek vill Mënsche beréiert. 1993 krut hien dann och déi verdéngten Éier a gouf zum “Sir Malcolm Arnold” geschloen.