De Wynton Marsalis ass Trompett-Superstar, Komponist an ee vun de bekanntste Jazzmuseker vun eiser Zäit. Op d’Welt komm ass hien zu New Orleans, der Gebuertsstad vum Jazz, an hien ass och nach an enger richteger Jazzfamill grouss ginn.
Hien ass awer als Museker net just aussergewéinlech talentéiert, de Wynton Marsalis notzt seng Musek och fir op gesellschaftlech Theemen opmierksam ze maachen. Säin dräi-stënnegt Jazz-Oratorium “Blood on the Fields” thematiséiert d’Sklaverei an de Kampf fir Fräiheet. Et war och déi éischt Jazz-Kompositioun, déi jeemools mam renomméierte Pulitzerpräis ausgezeechent gouf.
De Wynton Marsalis ass awer och nach an der klassescher Musek aktiv: als eenzege Museker huet hien e Grammy am Jazz an an der Klassik am selwechte Joer gewonnen, an dat zwee Joer hannereneen.
Och am private Liewen spillt d'klassesch Musek eng Roll: seng Fra ass d'Nicola Benedetta. Si ass eng weltbekannt Geiistin aus Schottland. D’Koppel kollaboréiert och bei ville Museksprojeten zesummen, an de Wynton Marsalis huet och ee Geieconcerto senger Fra gewidmet.