Nocturnes, Mazurken, Walzer an Etuden ... seng Wierker fir Piano hunn d'Welt vun der klassescher Musek fir ëmmer verännert. Riets geet vum Frédéric Chopin. Haut am Joer 1849 stierft hien am Alter vun 39 Joer zu Paräis. Do huet hien ab 1831 vill gelieft. Op d'Welt komm ass hien awer bei Warschau.
Säi Begriefnis ass den 30. Oktober 1849 zu Paräis, an dat war nawell ganz pompös. Vun iwwerall si Leit komm fir dem grousse Romantiker Äddi ze soen. Ee vu sengen eegene leschte Wënsch ass deen Dag och Erfëllung gaangen: et gouf dem Mozart säi Requiem gespillt.
Begruewe gouf hien um renomméierte Friedhof Père Lachaise zu Paräis. Interessant awer: Säin Häerz gouf, no senge Wënsch, no sengem Doud a seng Heemescht Polen bruecht, a gëtt zanterhier an der Heilig-Kreuz-Kirche zu Warschau gehalen.