Wann een an der klassescher Musekszeen u Finnland denkt, da kënnt engem warschneinlech séier de Sibelius an de Kapp. Ma virum Sibelius gouf et awer och schonn de Crusell. Gebuer ass de Bernard Henrik Crusell viru genee 250 Joer zu Nystad. 1775 war dat a Schweden, hautesdaags ass et Deel vu Finnland. De finnesch-schweedesche Museker hat scho fréi e grousst Talent fir d’Instrument vun der Klarinett. Mat nëmmen aacht Joer ass hien deemools an eng Militärband gaangen, an d’Band huet hien dann och am Alter vun 13 Joer dirigéiert!.
De Crusell hat awer net nëmme grouss musikalesch Talenter, mee och wat d’Sproochen ugeet. Hie konnt nämlech vill verschidde Sprooche fléissend schwätzen. Net nëmme schwätze, mee och Iwwersetzunge maachen, an zwar huet hien Operen op Däitsch, Franséisch an Italieenesch jeeweils op Schweedesch iwwersat.
Eng grouss Oper, déi hien an d’Schweedescht iwwersat huet, war dem Mozart seng “La Nozze di Figaro”.
Hien ass awer och vill als Solist op der Klarinett opgetrueden, an dat a ganz Europa. Hien huet ënnert anerem Concertoe vum Mozart a Beethoven dacks op Concerte gespillt.