De Leonard Bernstein - ee grousse Komponist aus der klassescher Musekszeen, an zemools ee Personnage voller Energie an Enthusiasmus. Musikalesch gesi war hien ee grousst Talent, oder besser gesot ee Multi-Talent. Hie war nämlech net nëmme Komponist, mee och nach Dirigent, Pedagog a villes méi. Bekannt ginn ass hien op eng éischter onüblech Manéier. 1943 ass hien nämlech ganz spontan als Dirigent agespronge fir e Concert vun de “New Yorker Philharmoniker” well den Dirigent Bruno Walter krank war. An dee Concert gouf deemools och live um Radio iwwerdroen. Et ass e Risenerfolleg ginn, souvill datt de Lennard Bernstein domat quasi iwwer Nuecht international berüümt ginn ass!
Dono hat hien da vill grouss Erfolleger mat sengen eegene Wierker – ee vun de bekanntsten ass natierlech säi Musical “West Side Story” – ee Musical deen Jazz, Klassik a Latino-Elementer matenee verbënnt. Et war ee weltwäiten Erfolleg ginn, a nom Musical ass dat ganzt och als Film erauskomm.