De Paul Dukas gëtt schonn zu Liefzäite vu ville Leit fir seng Musek bewonnert. Hien ass mat quasi alle wichtege Komponisten aus där Zäit befrënnt: dem Debussy, Gabriel Fauré oder och dem Isaac Albéniz.
Mat sech selwer gëtt hien awer wuel manner gutt eens. De Paul Dukas ass ganz selbstkritesch. Schreift dofir am Verglach vill manner Wierker an entsuergt souguer nees Kompositiounen, well seng Uspréch u sech selwer einfach ze grouss sinn.
Mir maachen am Harmonesche Moien de Réckbléck vum Museker sengem Liewen.