Haut op den Dag genee wier de Pierre Nimax Senior 95 Joer al ginn. Hie war kee gewéinleche Museker, mee een, deen a ganz ville verschidde Beräicher täteg war. Hien huet d’Lëtzebuerger Musekswelt als Pianist, Organist, Sänger, Komponist, Dirigent an als Musekspedagog gepräägt.
An Erënnerung bleift hie ganz sécher a senger Funktioun als Kapellmeeschter vum groussherzoglechen Haff an als Dirigent vun der Militärmusek.