Den David Schallon war en Dirigent, dee sech och hei am Land ee groussen Numm wärend senger Karriär maache konnt.
De Museker vun Tel Aviv, deen als Jong well duerch d'Gei an de Cor éischt musikalesch Erfarunge sammelt, entwéckelt sech séier zu engem aflossräichen Dirigent an der internationaler Zeen. 1997 zitt et hie schlussendlech op Lëtzebuerg bei d'Philharmoniker .
Viru genee 25 Joer awer mécht den Dirigent wärend enger Concertstournée a Japan ee Malaise, duerch deen hien och onerwaart am Alter vun nëmmen 49 Joer stierft. Am Mäerz 1997 hat den 100,7 d'Méiglechkeet, den David Schallon als neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ze interviewen.