Spillen - dat ka ganz vill heeschen: mat Spillsaache spillen, mat der Fantasie spillen, mat Reegele spillen, an natierlech Musek spillen. Dorëms geet et am Concert ActArt "Game of Thieves". Hei spillt e Quintett Stécker vum Bizet, Debussy, Ligeti an Navarro, an dat alles am Theema "Spill", fir déi ganz Famill.
D'Klarinettistin Simone Weber huet eis erkläert, wéi d'Stécker mat dem Theema "Spill" zesummenhänken, an op wat ee sech ka virbereeden.
De Concert ActArt "Game of Thieves" ass dëse Sonndeg, den 29. November, um 10h30 am Stater Conservatoire, an dauert ongeféier eng Stonn. All d’Informatiounen zum Concert fannt dir um Site vum Conservatoire, op conservatoire.lu.