Wat geschitt mam Klang vun engem Instrument, wann ee Gold dobäi mëscht? Oder Bronze, oder Sëlwer?
Mat dëser Fro huet sech de Lëtzebuerger Komponist Georges Sadeler fir säin neit Wierk “Metal Suite” beschäftegt. E Freideg, den 30. Oktober, gëtt et beim Ofschlossconcert vum Klenge Maarnicher Festival zu Housen fir d’éischt gespillt. De Georges Sadeler ass selwer Saxophonist an der Lëtzebuerger Militärmusek.
Den Optrag koum vum Klenge Maarnicher Festival fir seng 40 Joer, an d'Stéck ass dem Quintett Magnifica an der Lëtzebuerger Militärmusek gewidmet. D'Viraussetzungen: e Blechbläserquintett, en Orchester a ronn 15 Minutte Musek. Soss hat de Komponist fräi Hand.
Lauschter eran wann s du wësse wëlls, wéi sech also Gold, Bronze a Sëlwer an engem Instrument unhéieren.