Wéi kléngt Barockmusek mat engem Akkordeon? Dat probéieren dräi Lëtzebuerger Museker den 23. November an der Philharmonie eraus ze fannen. De Concert “Baroque, Bellows and Beyond” ass organiséiert vun de Solistes Européens, Luxembourg an op der Bün stinn de Yanis Grisó op der Gei, de Pierre Fontenelle um Cello an de Frin Wolter um Akkordeon. De Programm ass ganz variéiert, vu Barockmusek aus dem 16. Joerhonnert bis bei de Led Zeppelin. De Yanis Grisó verréit eis, op wat een sech ka virbereeden.
De Concert “Baroque, Bellows and Beyond” gëtt den 23. November um 19h30 am Kammermuseksall vun der Philharmonie gespillt. Ticketen an all Detailer fannt dir op www.philharmonie.lu oder op sel.lu.