Den 19. November kann een um 19h30 entweder am grousse Sall vun der Philharmonie, respektiv och live bei eis um Opus dräi Éischtopféierungen zu Lëtzebuerg an eng Uropféierung erliewen.
D'Kläng vum Jack Sheen, der Freya Waley-Cohen, dem Roland Wiltgen an dem George Lewis suerge fir de passenden, “hëtzege” Flair.
Dem 69 Joer ale Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen säin "Thermos" passt perfekt bei d'Motto vum Festival, "Heat". De Roland Wiltgen kombinéiert gären Astronomie a Kosmologie a senge Wierker. Dat sinn nämlech och privat Passiounen. Konkret geet hien a sengem "Thermos" op d'Entsteeung vun eiser Äerd an, den Urknall.
Wéi huet eist Universum an den éischte Momenter nom Urknall geklong? Wéi kann ee “fest”, “flësseg” oder gasfërmeg” mat Musek duerstellen? Dat gitt dir dësen Donneschdeg bei eis um Opus gewuer.
"In the Furnace of Sound" – sou ass de Concert iwwerschriwwen – gëtt live um Opus iwwerdroen. Do héiert dir iwweregens och dat ganzt Gespréich mam Roland Wiltgen an der Paus vum Concert!
Lauschtert eran: dësen Donneschdeg ab 19h30 iwwer DAB+, d'Opus 100,7 App oder iwwert eise Stream op www.opus.radio.
Duerch de Concert féieren de Lex Kauffmann (Opus) an d'Maria Gutierrez (SR Kultur).