D'Croisièresschëff Hondius, op deem uganks der Woch den Hantavirus gemellt gouf, ass ënnerwee a Richtung Teneriffa a soll e Sonndeg do uleeën. Dat ënner speziellem sanitärem Dispositif, huet de spuenesche Gesondheetsminister confirméiert. Déi 150 Passagéier solle vun do aus evakuéiert ginn.
Och d'LAR war bedeelegt
Och déi Lëtzebuerger Air Rescue hat sech schonn u Rapatriementsvolen bedeelegt an zwee schwéier krank Patienten op Amsterdam evakuéiert. De President vun der Air Rescue, de René Closter, huet am 100,7-Interview vun engem enorme Chaos sur place geschwat.
Dräi Mënsche waren e Méindeg um Virus gestuerwen, aacht weider Leit goufen infizéiert.