"Dat do hu mer eigentlech nach net erlieft", esou am 100,7-Interview de René Closter vun der Air Rescue. De Fliger mat de kranke Patienten ass um Mëttwoch den Owend an Holland ukomm. Alles wier esou verlaf, wéi geplangt, huet de Grënner a President vun der Air Rescue erkläert.
“Bei eis ass alles tipptopp gelaf. (...) De Fliger ass gëschter Owend géint néng Auer zu Amsterdam mat de Patiente gelant. D'Patiente sinn ausgeluede ginn, ënner deenen übleche Sécherheetsmoossnamen. De Fliger ass direkt zeréckkomm op Lëtzebuerg, wou eng ganz nei Ekipp op der Plaz war, an op ee gewaart huet, fir e komplett auszewäschen an ze desinfizéieren.”
Prozedure wéi bei Ebola benotzt
Duerch d’Erfarung bei den Evakuatioune vu Leit nom Ebola-Ausbroch aus Sierra Leone wier et dozou komm, datt d’Air Rescue elo gefrot gouf, fir Patiente vum Croisièresschëff Hondius ze evakuéieren.
“Deemools hu mir ee speziellt Equipement entwéckelt, zertifizéiere gelooss, an och Formatioun gemaach. An déi Formations continues, déi eis Leit all Joer vun där Zäit un elo maachen, soudatt mir beschtens ausgerüst ware fir deen Transport do kënnen ze maachen.”
Et hätt een elo beim Hantavirus genee déi selwecht Prozedure benotzt, wéi deemools beim Ebola.
Chaos a Retard
Wichteg bei esou Rettungsflich wier "een absolutt gudde Planning" an der Asazzentral, esou de René Closter. Eng gutt Virbereedung wier d’Basis vun engem sécheren a gudden Asaz.
“Mee op der Plaz war Chaos. Aneschters kann een et net soen. Totale Chaos. (...) D'Arrivée vun de Patiente mam Boot vum Schëff ass ëmmer erëm verschobe ginn. Mir wossten net, wéi vill Patienten, datt mer sollte lueden. (...) Et war net gesot, wouhinner se sollte goen.”
No bal fënnef Stonne Retard wier et dunn op Amsterdam gaangen. D’Patiente wiere sécher do ukomm.
Den desinfizéierte Fliger ka rëm an den Asaz
De Fliger, deen dofir am Asaz war, wier déi ganz Nuecht hei am Land desinfizéiert ginn, an e wier de Moie schonn erëm prett fir den nächsten Asaz gewiescht, esou de René Closter.
D’Air Rescue ass déi eenzeg Lëtzebuerger Fluchgesellschaft am Beräich vun der Loftrettung.