Spuenien

Hantavirus: Passagéier vu Croisièresschëff sollen zu Teneriffa u Land goen

D'Croisièresschëff Hondius soll viraussichtlech de Méindeg am Hafe vu Granadilla op Teneriffa alafen, dat deelen d'Bedreiwer vum Schëff mat. D'Passagéier sollen dann direkt a Quarantäne. Der Weltgesondheetsorganisatioun no ginn et aktuell sechs bestätegt Fäll vum Hantavirus.

auto_stories

3 min

©  EPA/ELTON MONTEIRO
(Foto: EPA/ELTON MONTEIRO)

D'Schëff hat bis elo virun der nordafrikanescher Insel Cap Vert geankert. Nodeems d'Passagéier, da viraussichtlech de Méindeg, op der spuenescher Insel Teneriffa u Land ginn, sollen se an hir Heemechtslänner ausgeflu ginn. D'WHO wäert d'Evakuatioun begleeden. De Risiko, datt sech den Hantavirus weltwäit verbreet wier den Ament awer extrem geréng, rappeléiert d'WHO. Et wier een deemno wäit dovunner ewech, datt sech dësen Ausbroch zu enger Pandemie entwéckele kéint. 

WHO: Sechs confirméiert Hantavirus-Fäll 

Der Weltgesondheetsorganisatioun no ginn et Stand Freideg Owend sechs bestätegt Fäll. Dréi Persoune wieren entre temps un de Suite vum Virus, deen ënner anerem vu Raten a Mais iwwerdroe gëtt, gestuerwen. Wéi d'WHO mellt géif et sech hei ëm eng eeler Koppel aus Holland handelen, an eng Fra aus Däitschland.

Nieft de sechs bestätegte Fäll, ginn et momentan och zwee Verdachtsfäll. 

Keng Entwarnung fir Kontaktpersoune

D'Fra, déi am selwechte Fliger wéi déi entretemps verstuerwen hollännesch Passagéier vum Croisièresschëff Hondius gereest war, hätt Symptomer, déi op eng méiglech Infektioun hindeite kéinten. Dat huet de spuenesche Staatssekretär fir d‘Gesondheet gëschter matgedeelt.

D’Fra gouf an engem Spidol an der Regioun Alicante an enger Isolatiounskummer ënnerbruecht. E PCR-Test gouf gemaach, d’Resultat steet awer nach aus.

Och an der Uniklinik zu Düsseldorf gëtt den Ament eng Passagéier op den Hantavirus getest. Déi 65 Joer al Fra soll am Kontakt mat der däitscher Touristin gewiescht sinn déi mëttlerweil verstuerwen ass. Wéinst der laanger Inkubatiounszäit kéinten d'Doktere réischt no aacht Wochen eng Infektioun sécher ausschléissen, esou d'Explikatioune vum Tropendokter, Torsten Feldt vun der Uniklinik Düsseldorf. 

Infektioun no Vullebeobachtung? 

D'Noriichtenagence Associated Press mellt, datt déi argentinesche Regierung dovun ausgeet, datt sech déi hollännesch Koppel bei enger Vullebeobachtung mam Hantavirus ugestach kéint hunn. Net wäit vun der Visitt ewech, wier en Dreckstipp gewiescht, op dem d'Koppel méiglecherweis a Kontakt mat Nagedéiere komm ass.

D'Autoritéit aus der Provënz Ushuaïa hu vis-a-vis vun der franséischer Presseagence AFP elo awer betount, datt d'Méiglechkeet, datt d'Koppel sech an Ushuaïa ugestach hätt awer "praktesch gläich null" wier.

D'Croisièresschëff Hondius war den éischten Abrëll zu Ushuaïa a Patagonie gestart. 

Iwwerdroung vu Mënsch zu Mënsch

Hantavire ginn üblecherweis duerch infizéiert Nagedéiere wéi Raten oder Mais iwwerdroen. Beim aktuellen Ausbroch geet et ëm den esou genannten Andes-Typ, bei dem d'Iwwerdroung vu Mënsch zu Mënsch weider geet. Eenzel Fäll sinn schonn an der Vergaangenheet dokumentéiert ginn.  

De Virus äussert sech duerch héicht Féiwer, esou wéi duerch grippenänlech Symptomer a Schwindel.