Spuenien

Hantavirus: Croisièresschëff mat 150 Passagéier zu Teneriffa ukomm

D‘Croisièresschëff „MV Hondius“, op deem den Hantavirus ausgebrach war, ass de Moien am Süde vun Teneriffa ukoum. Déi 150 Passagéier a Besatzungsmemberen wäerten vun hei aus an hier Heemechtslänner evakuéiert ginn. D‘Schëff fiert dono zréck an Holland.

auto_stories

1 min

Hantavirus: Hafen op Teneriffa  | © EPA/MIGUEL BARRETO
Hantavirus: Hafen op Teneriffa (Foto: EPA/MIGUEL BARRETO)

De Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun huet den Awunner op Teneriffa verséchert, datt den Hantavirus kee "neie Covid" wier. Hien huet och betount, datt d‘Passagéier an zouene Gefierer op eng ofgespaarte Plaz bruecht géifen, an dann direkt an hir Heemechtslänner rapatriéiert ginn. 

Den Ament ginn et sechs confirméiert Fäll, dorënner dräi Doudesaffer. Zwou weider Persoune stinn am Verdacht sech mam Virus infizéiert ze hunn. Den Hantavirus ass seelen, et gëtt weder eng Impfung nach eng Behandlung dofir.