D'Iwwerdroung vum Hantavirus op engem Croisièresschëff war wuel vu Mënsch zu Mënsch, esou d'Weltgesondheetsorganisatioun. Wéinst der Inkubatiounszait vum Hantavirus, déi tëschent enger a sechs Woche variéiere kann, géif een dovun ausgoen, datt déi Infizéiert sech baussent dem Schëff ugestach mussen hunn, an datt et duerno zu enger Infektioun tëschent Persoune koum, déi an enkem Kontakt waren.
Verdacht, datt d'Infizéierung u Land, an net u Bord, geschitt ass
De Virus gëtt normalerweis duerch Exkrementer vun Nagedéieren iwwerdroen. Bei deem Typ vum Hantavirus, ëm deen et sech hei handele soll, wieren och Infektiounen tëschent Mënsche bei enkem Kontakt méiglech, esou eng WHO-Expertin.
D‘Infektiounskette wier warscheinlech vun der mëttlerweil verstuerwener hollännescher Koppel ausgaangen. D‘Koppel hätt sech nach iert se u Bord gaangen ass an Argentinie kënnen ugestach hunn, esou de Verdacht. Déi weider Iwwerdroung hätt duerno u Bord kënne geschéien, zum Beispill a Kabinnen, esou eng WHO-Expertin.
Si huet awer net ausgeschloss, datt d‘Infektioun och vun Nagedéieren op afrikaneschen Insele kéint kommen, wou d‘Schëff am Laf vun der Croisière ugeluecht huet.
Dem Bedreiwer no wiere keng Raten u Bord. Dat betraffe Croisièresschëff ass vun Argentinien aus gestart an ankert den Ament virum Cap Vert. Et sinn am Ganzen 140 leit u Bord.
Dräi si mëttlerweil gestuerwen, siwe Leit solle krank sinn. Bis ewell wieren awer just an engem klengen Deel vun de Fäll Hantavire geséchert nogewise ginn, heescht et. Et lafe Labos-Analysen zu deenen aneren Infektiounen an iwwer de geneeën Typ vum Virus.