Hantavirus

Lëtzebuerger Air Rescue am Cap Vert fir schwéier kranke Patient an Holland ze fléien

Am 100,7-Interview confirméiert de President vun der Lëtzebuerger Air Rescue, datt een den hollännesche potenziellen Hantavirus-Patient elo op Amsterdam géif fléien. Allerdéngs wier d’Situatioun op der Plaz chaotesch a géif vu Stonn zu Stonn änneren.

auto_stories

1 min

©  EPA/ELTON MONTEIRO
(Foto: EPA/ELTON MONTEIRO)

D‘Croisièresschëff, op deem Passagéier mam Hantavirus infizéiert goufen, krut vu Spuenien d‘Autorisatioun fir an engem Hafen op de kanareschen Inselen unzeleeën. Dat wier mat der Weltgesondheetsorganisatioun ofgemaach ginn, esou de spuenesche Gesondheetsministère. 

Bis elo sinn dräi infizéiert Passagéier gestuerwen. D‘WHO seet, et wier bis elo am ganze siwen Infektiounen bekannt.

Südafrikanesch Wëssenschaftler hunn iwwerdeems confirméiert, datt et sech beim Virus ëm d‘Variant Andes handelt. Et ass déi eenzeg Variant, déi vu Mënsch zu Mënsch kann iwwerdroe ginn.