An der Etüd goufen ënner anerem 72 Persoune queesch duerch d’Beräicher vum Gesondheetssecteur befrot. D'Participante kommen aus verschiddenen Etablissementer an och vun der Patientevertriedung.
Bei den Äntwerte stieche virun allem Cyberugrëff, de Manktem u Ressourcen an Ëmwelt-Facteuren als Risiken ervir, wéi d’Martine Goergen Generaldirektesch vum CHL a Co-Autrice vun der Etüd erkläert.
Dagdeeglech probéieren Hacker an de System eranzekommen
Firwat Cybersecurity? D'Spideeler hautdesdaags kéinten net méi ouni den Asaz vun Informatik fonctionéieren an all Dag géifen Hacker probéieren an d'Systemer eranzekommen.
"Mir kréien och praktesch deeglech vun eisen Informatiker gesot, dass probéiert ginn ass ze hacken oder mir hu Phishingen an esou, dass mir do scho musse ganz virsiichteg sinn."
Am Ausland wieren och scho vill Klinicken tatsächlech gehackt ginn. Dëst géif de Betrib oft Deeg laang op d'Kopp geheien. Cyberugrëff stellen dofir de gréissten Defi fir de Gesondheetssecteur duer. Wat dat ugeet wier een och nach net esou resistent wéi ee villäicht misst sinn, seet d’Martine Goergen
Zwee Drëttel vum Personal kënnt aus dem Ausland
Personalmanktem am Gesondheetssecteur ass och ee bekannte Problem hei am Land. Et ginn net vill Dokteren an et kéint an Zukunft zu Enkpäss bei de Soignantë kommen. Besonnesch an der Covid-19-Kris hätt ee séier gesi wat geschitt, wann d'Grenzen zou sinn.
Zwee Drëttel vun hire Mataarbechter:inne kéimen aus dem Ausland, esou Generaldirektesch vum CHL. Esou eng Situatioun kéint séier geféierlech fir de lëtzebuergesche Gesondheetssystem ginn.
"An ech mengen, dat war och dowéinst e grousst Uleies."
Nieft der Cybersécherheet an dem Personal géifen awer och Ëmwelt-Facteuren eng ëmmer méi grouss Roll spillen. Dëse Summer hätt een dat besonnesch gemierkt.
Wärend der Canicule hätt ee gesinn, datt ee sech iwwer d'Infrastruktur an de Spideeler op alle Fall Gedanke maache misst, fir datt een d'nächste Kéier besser preparéiert ass.
Covid-19-Pandemie: Kee Risiko-Facteur?
Sanitär Krise wéi beispillsweis d'Covid-19-Pandemie mat all hire Konsequenzen, ginn an der Etüd net als e grousse Risiko vun de Befroten ageschat.
D’Martine Goergen erkläert sech dat doduerch, datt een eppes wat ee scho matgemaach huet als manner schlëmm astuuft wéi Saachen, déi engem nach friem sinn. Wat sanitär Krisen ugeet wiere mir all "gebrannte Kanner".
"Ech mengen, wann eng Crise sanitaire elo kënnt, do si mir éischter drop virbereet, wësse wéi mir déi Flue sollen organiséieren, wësse wéi mir d'Spidol 'kompartimentéieren'. Do hu mir schonn eng Erfarung an et ass och vläicht dat, wat d'Leit e bëssen an eng Securitéit gëtt."
Gutt sechs Joer no der Covid-Kris gëtt et ëmmer nach kee Pandemie-Gesetz hei am Land. D'Generaldirektesch vum CHL gesäit do keen direkte Problem. Et wier scho gutt, ee Gesetz ze hunn, mee wann een da rëm an esou engem Fall wier, da misst een awer rëm d'Situatioun de Moment ofweien an op Base dovunner agéieren.
Large Scale Testing als Beispill
D'Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois huet op Basis vun der Etüd Pisten ausgeschafft fir de Gesondheetssystem méi resilient, respektiv “anti-fragil” ze maachen. Also datt de System ee Schock, wéi d’Covid-19-Pandemie, net just absorbéiert, mee doraus Léiere gezu gi fir doduerch méi staark ze ginn.
Als Beispill gëtt hei de Large Scale Testing genannt – obwuel ee kritesche Rapport vum Rechnungshaff dozou virläit. Do gëtt notamment den Ëmgang mat ëffentleche Gelder kritiséiert. Den Testing huet iwwer 130 Milliounen Euro plus TVA kascht. Firwat gouf de Large Scale testing am Rapport nawell als Beispill erausgesicht?
D'Co-Autrice vun der Etüd mengt, datt dëst Beispill erausgesicht gi wier, well dës Tester den Ament eng grouss Kontributioun fir de Gesondheetssystem an och fir d'Protektioun vun de Patient:inne bäigedroen hätt.
"Andeem een awer ëmmer wousst, wou si mir drun, wéi ass eis Situatioun am Land. Dat huet awer schonn do dozou bäigedroen an et ass natierlech dat eenzegt Beispill och wat mir an deem Beräich hunn."
No dëse Resultater sollen och ganz konkreet Piste fir déi eenzel Risiken ausgeschafft ginn. D'Prozesser missten ëmmer à jour hale ginn. Et géif een och eng "reell Flexibilitéit" wat d'Ressources humaines ugeet ustriewen.
Fir den Noutfall preparéiert sinn
Doriwer eraus misst een och eng oppen an transparent Koordinatioun-Politik tëschent de Spideeler ausschaffen.
"Tëschent de Spideeler an awer och mat all den Organismen, déi ronderëm dréinen, ech denken do un e CGDIS, ech denken do un eng Police. Ech mengen, eng sanitär Kris ass eng, mee wann Dir Iech virstellt, et wier elo eng grouss Explosioun oder e grousst Attentat, en terroristeschen Attentat, da komme jo ganz aner Contrainten op een duer."
Et wéilt ee mat allen den Acteuren um Terrain dru schaffen, fir datt ee fir den Noutfall prett ass.
"Mat den Autoritéiten, mam HCPN, mat allen Involvéierten an dem Gesondheetssystem, fir och do gerëscht ze sinn, wann eng Kéier esou eppes géif kommen."
D’Etüd gouf iwwregens am Kader vun der Luxembourg Health Week, déi gëscht op een Enn gaangen ass, un d’Gesondheetsministesch iwwerreecht.