Am Raum stoungen déi lescht Méint Virwërf vu Mobbing a vun engem schlechten Aarbechtsklima. D'Simone Niclou seet awer, datt een dat hanner sech gelooss hätt.
“Mir hu vill draus geléiert, eis vill Saachen intern ugekuckt, virun allem immens vill den Dialog gesicht mam Personal. Mir hunn Town häls gemaach (...). Mir hu Recommandatioune gefrot vum Conseil universitaire an der Délégation personnelle.”
Elo géing ee virun allem um Niveau vun de Ressources humaines an der Kommunikatioun eng Rei Saachen ëmsetzen.
Iwwerdeems ass jo och scho gewosst, datt den aktuelle Rekter Jens Kreisel säi Mandat net iwwer 2027 verlängere wéilt. Eng Prozedur, fir een Nofollger ze fannen, ass mëttlerweil scho lancéiert, preziséiert d’Simone Niclou. Si selwer wier awer keng Kandidatin.
Medezinner hei am Land ausbilden
Fir d’Rentrée hate sech ronn 2.800 nei Studenten a Studentinnen op der uni.lu ageschriwwen. Dat wier méi wéi an de Jore virdrun, seet d’Simone Niclou.
Eng Rei vun hinne sinn och am Medezin-Bachelor ageschriwwen, deen d’Uni zënter e puer Joren ubitt. Dobäi soll et awer net bleiwen: Déi komplett Dokterausbildung soll an Zukunft op der uni.lu ugebuede ginn.
D’Iddi do hannen drun ass et, Medezinner auszebilden, déi dono och am Land bleiwen. D’Simone Niclou ass zoustänneg fir ënner anerem e Master an der Medezin op d’Been ze stellen.
“Et geet drëm fir eise Gesondheetssystem méi stabil, méi resilient ze maachen. Am Moment kommen alleguer d’Dokteren aus dem Ausland, och déi Lëtzebuerger, déi hir Studien am Ausland musse maachen. Och fir hir Formation-de-spécialisationen.”
Medezin-Studium viséiert virun allem d'Lëtzebuerger Residenten
Hei am Land gëtt et ëmmer méi schwiereg, fir Dokteren ze fannen. Dat gëllt awer och fir aner Beruffer am Gesondheetswiesen, wéi beispillsweis den Infirmieren oder Hiewannen.
A long term besteet och d’Hoffnung, datt deen een oder aneren auslännesche Medezinsstudent am Grand-Duché hänke bleift, wat och nees e Gewënn fir eise Gesondheetssecteur wier.
Mëttelfristeg géing et awer virun allem drëm goen, d’Residenten unzeschwätzen, betount d’Vize-Rektorin vun der uni.lu. Do wiere genuch Leit, déi iwwer de Bachelor eraus hire Medezinstudium zu Lëtzebuerg wéilte maachen.
Och d'uni.lu applizéiert gewëss Krittären fir ugeholl ze ginn
Am Ausland trëfft een iwwerdeems dacks op streng Zouloossungs-Krittären. Besteet also net d’Gefor, datt vläit just déi “manner gutt” Studente sech an e méigleche Medezin-Master zu Lëtzebuerg aschreiwen?
D’Simone Niclou betount, datt et aktuell scho Selektiouns-Krittäre ginn.
“Wou ee kuckt, wéi ee Parcours huet de Student gemaach, wéi eng Sektioun am Lycée, wéi eng Stagen, wéi eng Notten hat en. An dat anert si Sproochekrittären, vue datt mir en méisproocheg Uni sinn an engem méisproochege Land.”
Fir de Medezinstudium ass konkreet en C1-Level am Franséischen an am Däitsche gefrot. Et ginn awer och Virliesungen op Englesch gehalen. Lëtzebuergesch gëtt net gebraucht.
De Master, deen d'Bréck schloe soll, feelt
Nieft dem Bachelor an der Medezin ginn et haut awer och schonn dräi Spezialisatiounen, déi d’Uni Lëtzebuerg ubitt: Médécine générale, Neurologie an Onkologie. Dräi weiderer sollen dobäi kommen: Psychiatrie, Kannerpsychiatrie a Pediatrie.
De Master, deen u sech d’Bréck tëschent dem Bachelor an de Spezialisatioune schloe soll, feelt.
“Wat eis natierlech feelt, an dat ass e strukturelle Manktem, dat ass eben deen Tëschebau. An dofir ginn d’Leit awer ëmmer an d’Ausland, och fir de Bachelor. An am Moment hu mir just dräi Spezialisatiounen, déi net vill ofdecke vun der ganzer Bandbreet.”
Si wënscht sech och en Universitéits-Spidol. Wat dat ugeet ass awer nach keng konkreet Entscheedung vun der Regierung gefall. D’Simone Niclou hofft, datt dat nach bis Enn dës Joers de Fall ass.
Verschidde Spidolsdepartementer uechter d'Land sollen Unisklinick bilden
An deem Fall géing ee mat de Spideeler am Land wëllen zesummeschaffen a kucken, wéi eng Spideeler a wéi enge Beräicher gewëss Kapazitéiten hunn. Réischt da kënne verschidden Departementer vun engem Spidol akademiséiert ginn, esou datt do nieft der Patienteversuergung och den akademesche Volet – Enseignement a Fuerschung – kann oflafen.
De Master gesäit eng allgemeng Ausbildung zum Dokter vir. Do mussen also eng ganz Rëtsch Fachberäicher ofgedeckt ginn. Ob een déi Beräicher all zu Lëtzebuerg ofdecke kéint, misst een nach analyséieren, esou d’Simone Niclou.
Et kéint een awer och op auslännesch Unien zeréckgräifen. Si erkläert, datt u sech all Studiegang op der uni.lu op d’mannst een Auslandssemester virgesäit.
Bis zu 40 Studenten a Studentinne gi fir den Ufank viséiert
Fir d’Spideeler ass et natierlech am interessantsten, Médécins en voie de spécialisation eranzekréien. Do ass een zu Lëtzebuerg awer limitéiert, och an Zukunft.
“Mir kënnen net all Spezialisatioun ubidden”, esou d’Vize-Rektorin. Där ginn et der aktuell eng 40 bis 45 Stéck. D’Haaptspezialisatioune sin eng 15 Stéck, déi misst een all ubidden, seet d’Simone Niclou.
De finanziellen Invest rechtfäerdegt sech natierlech just, wann och eng gewëss Zuel vu Studentinnen a Studente sech fir en eventuelle Master aschreiwen.
“Mat der Zäit kréie mir sécher genuch Studenten, mee mir wëlle kleng ufänken, well mir mussen de System jo och testen a progressiv eropgoen. A mir mussen och Infrastruktur en place setzen. Am Moment fänke mir mat 120 Studenten am Bachelor un. Wat mir fir de Master virgesinn ass mat 30 bis 40 unzefänken.”
Entscheedung läit bei der Regierung
Den Dossier zum Theema Master an der Medezin gëtt also elo preparéiert an der Regierung deemnächst virgeluecht. Déi kann dann eventuell nach virun Enn dës Joers eng Entscheedung huelen.
2031 kéint ee fréistens ufänken, eng komplett medezinesch Ausbildung unzebidden, schätzt d’Simone Niclou.
Bis dohinner mussen awer nach d’Zesummenaarbecht mat de Spideeler an och de legale Kader definéiert ginn.