D’Astrid de Leeuw vun der Ligue de la santé mentale, ass d’Coordinatrice vun der Woch vun der mentaler Gesondheet.
Am 100,7-Interview huet si eng gréng Schlauf unhänken. D’Erkennungszeeche vum Weltdag vun der psychescher Gesondheet, erkläert si.
“Deen Dag ass en internationale Rendez-vous. En erënnert d’Leit drun, datt d’psychesch Gesondheet wichteg ass. A mat der grénger Schlauf kann ee Solidaritéit weisen.”
Mental Gesondheet: Et gëtt méi driwwer geschwat, mee Courage brauch een trotzdeem
Dacks huet een den Androck, wéi wa Problemer, déi mat der mentaler Gesondheet ze dinn hunn, an eiser Gesellschaft nach stigmatiséiert sinn. Deen Androck deelt d’Astrid de Leeuw, relativiséiert gläichzäiteg awer och.
Et kéint ee mëttlerweil méi oppen driwwer schwätze wéi nach an der Vergaangenheet.
“Et ass awer esou, datt Leit, wa si driwwer wëlle schwätzen, awer oft nach musse fäerten op Virurteeler ze falen oder komesch Blécker mussen ze erdroen. Et brauch schonn nach Courage fir sech ze äusseren.”
Genee dofir bréicht een dës Woch: Fir eng virurteelsfräi Gesellschaft ze fërderen.
Problemer gi méi liicht, wann ee se deele kann
Et ass mëttlerweil schonn déi 5. Editioun vun der Woch vun der mentaler Gesondheet. Se gëtt zënter 2018 am Zweejoresrhythmus organiséiert.
De Motto dëst Joer ass: "On a tous un bagage. Ensemble, avançons plus légers!".
Dobäi géing dee “Päckelchen”, wéi d’Astrid de Leeuw et beschreift, fir all déi Erfarungen an Erausfuerderung stoen, déi all Mënsch mat sech dréit, mee deen een engem vu baussen net ëmmer ugesäit.
“Aus Päckelcher kann e schwéiere Pak ginn, besonnesch wann e mat familiären, schouleschen oder beruffleche Schwieregkeete gefëllt ass. Dofir ass et wichteg, fréi ze handelen.”
D’Coordinatrice vun der Woch vun der mentaler Gesondheet betount och, datt et e Problem ass dee sech queesch duerch d’Gesellschaft zitt an all Generatioune betrëfft. Déi Problemer, déi ee mat sech dréit, géingen awer méi liicht ginn, wann ee se deelt.
Eng Entwécklung, déi een eescht huele muss
Ass de mentale Gesondheetszoustand vun eiser Gesellschaft méi schlecht oder ugeschlo wéi jee virdrun? Oder mengt een dat just, well méi driwwer geschwat gëtt?
D’Astrid de Leeuw warnt virun einfache Schlussfollgerungen. Beispillsweis géingen Zuele vun der IGSS weisen, datt 17 Prozent vun de Feelstonnen op der Aarbechtsplaz op Depressiounen zeréckzeféiere sinn.
Déi Zuel eleng wier awer net aussokräfteg genuch, schliisslech kéinten och d’Dokteren einfach méi sensibiliséiert si wéi nach viru sëllege Joren.
Dofir misst een nach weider Indicen an Zuelen a Betruecht zéien, zum Beispill de Quality of Work Index vun der Chambre des Salariés. Wann een esou Etüden zesummeleet, da géing een erkennen, datt een d’Entwécklung vun der Gesellschaft eescht misst huelen, betount d’Astrid de Leeuw.
Problemer tauche schonn am jonken Alter op
Bei der aktiver Populatioun schéngt also d’Aarbecht den Haaptfacteur ze sinn, deen iwwer déi mental Gesondheet bestëmmt.
Mee och bei Kanner a Jugendlecher spillt déi mental Gesondheet eng wichteg Roll. Leschten Zuelen no ass eent vu fënnef Kanner mat Symptomer vu psychescher Erkrankung, Angschtstéierungen an Depressioune gehäit.
“Ideal ass, wann d’Kanner an de Betreiungsstrukturen a Schoulen eng Sécherheet hunn, mei a klenge Gruppe sinn. Wichteg ass et dofir och, datt d’Schoulen d’Ressourcen hu fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze offréieren. (...) Eng flott Alternativ ass et, mat de Kanner an d’Natur ze goen. Eng oft ënnerschate Ressource, wou vill Etüden drop hiweisen, datt et Angscht an Depressioune verréngert a Konzentratioun fërdert.”
Och Stress kéint an der Natur verréngert ginn, erkläert d’Astrid de Leeuw. Dee kann ënner anerem duerch Ecraen a Smartphones ausgeléist ginn. Dofir wier et wichteg, de Kanner genuch “fräit Spill”, Raum fir Exploratioun a Sport a Beweegung ze ginn, esou d’Coordinatrice vun der Woch vun der mentaler Gesondheet.
Och déi eeler Generatiounen net vergiessen
Wat déi eeler Generatioune betrëfft weisen Etüden drop hin, datt si sech ëfters eleng fillen. D’Transitioun an d’Pensioun wier deemno net just eng administrativ oder finanziell Fro, mee och eng psychosozial.
“Wichteg ass, datt déi Leit nei Repèrë fannen, nei Sënnhaftegkeet, Aktivitéite wou si sech lancéieren.”
An och an der digitaler Welt dierften déi Leit net ausgeschloss ginn, esou nach d’Astrid de Leeuw.
Éischthëllefscours an der mentaler Gesondheet
Doriwwer eraus solle Leit, déi net selwer betraff sinn, méi sensibiliséiert ginn, fir eventuell an hirem Ëmfeld Leit mat mentale Schwieregkeeten ze hëllefen.
Zënter Covid gëtt et dofir den Éischthëllefscours an der mentaler Gesondheet.
“Wéi erkennen ech et? Wéi lauschteren ech empathesch no, ouni direkt ze bewäerten oder ze relativéieren.”
Net ëmmer wier professionell Ënnerstëtzung néideg, betount d’Astrid de Leeuw.
Méi Informatiounen zur Woch vun der mentaler Gesondheet fannt dir op semainesantementale.lu