Marc Wagener am Interview

Entlaaschtung am Gesondheetssecteur: Och d'Croix-Rouge soll hiren Deel dozou bäidroen

Vun der Union des Entreprises bei d'Rout Kräiz: Dat ass ee grousse Wiessel, deen de Marc Wagener gemaach huet. Een, deen eng gewëss Zäit gebraucht huet, fir sech an déi nei Matière anzeschaffen. Dat huet den neie Generaldirekter elo gemaach an deelt am 100,7-Interview seng éischt Erkenntnisser.

auto_stories

5 min

headphones

13 min

De Marc Wagener | © Radio 100,7 play_arrow
De Marc Wagener (Foto: Radio 100,7)

Zënter dem 1. August ass de Marc Wagener neie Generaldirekter vum Roude Kräiz Lëtzebuerg. Virdru war hie ronn zwee Joer laang Direkter vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises  (UEL).

Den neie Generaldirekter huet awer schonn zwee Méint virun ugefaang, sech beim Roude Kräiz anzeschaffen. Dat hätt een och néideg, betount hien am 100,7-Interview, well de Betrib esou vill Aktivitéiten a Beruffer ënner engem Daach vereenegt.

Séier sinn dem Marc Wagener zwee Beräicher an d’A gesprong, wou d’Croix-Rouge der Allgemengheet nach méi e groussen Déngscht leeschte kann.

De Gesondheetssystem entlaaschten

Ugefaange mam Gesondheetssecteur, wou d’Rout Kräiz dem System hëllefe kéint, sech finanziell méi nohalteg opzestellen. Hien nennt als Beispill de Reseau Help fir ambulant Fleeg, de Centre de Séjour, d’Altersheem zu Jonglënster an de Centre de Réhabilitation zu Kolpech.

“Et soll net alles am Spidol sinn. Do si mir eis eens. Déi ambulant Fleeg soll méi gefërdert ginn, mee och mir sinn en Acteur an der ambulanter Fleeg, wat e Brochdeel vun de Käschten duerstellt vun engem Altersheem.”

E weidert Beispill ass den “Out of hospital”-Projet, deen de Minister Hahn rezent presentéiert huet. Do solle Patienten, déi d’Spidol verloossen, awer nach ze schwaach si fir nees heem ze goen, nach iwwergangsweis an engem Altersheem bleiwe kënnen.

Preventioun bei der Aarbecht mat Kanner a Jugendlecher

E weidere Beräich, an deem d’Croix-Rouge der Allgemengheet nach méi hëllefe kann, wier déi non formal Bildung, seet de Marc Wagener.

D’Croix-Rouge versuergt a betreit ronn 5.000 Kanner plus d’Jugendhaiser. Hir Educateuren an Educatricë wieren also gutt placéiert fir ze gesinn, wann et de Kanner un eppes feelt, oder wa si eppes bedréckt.

“Duerch d’Educateuren, duerch déi Proximitéit, hu mir pedagogesch gesinn all Kaarten an der Hand wa beispillsweis eng Tendenz do ass wou ee sech seet: ‘Ah, wa mir do net intervenéieren (...), da riskéiert d’Kand ofzerutschen an d’Kannerjugendhëllef.”

Dat Bewosstsinn innerhalb vum Personal wier schonn do, mee et misst nach méi “bewosst gelieft” ginn, betount den neie Generaldirekter.

Wat geschitt mam Gebai am Stater Park?

Leschten Donneschdeg hat de Marc Wagener seng éischt Pressekonferenz als Generaldirekter. Am Mëttelpunkt stoung ënner anerem dat neit Gebai um Houwald, dat 127 Milliounen Euro kascht, a wou ee vun nächstem Joer un an Etappen eraplënnere wäert.

Dofir verkeeft d’Croix-Rouge d’Biertrenger Schlass an de Siège vun Help op der Eecher Plaz.

Wat awer geschitt mam Haus am Stater Park bei der Glaciskapell? Déi Fro hätt hien dacks gestallt kritt, seet de Marc Wagener a laacht. Hie verséchert, datt d’Croix-Rouge dat Haus hält.

“Et gi vill Iddien, déi entwéckelt ginn. Vläit eppes Intergenerationelles. Mee et muss een och mat der Stad Lëtzebuerg kucken. (...) Do soll Liewen dra sinn.”

Formell gesi bleift dëst Haus am Stater Park och de Siège vum Roude Kräiz.

Den aktuelle Blutttransfusiounszenter plënnert och an dat neit Gebai um Houwald. Déi aktuell Gebailechkeete mussen awer rafistoléiert ginn. Dono kéint et fir administrativ Zwecker genotzt ginn, seet de Marc Wagener.

En Employeur vun der Groussregioun

En neie Siège war néideg: Ganzer 3.360 Leit beschäftegt d’Croix-Rouge an zielt domat zu de gréissten Employeuren am Land. D’Zuel vun de Beschäftegen ass tëschent 2018 an 2025 ëm 40 Prozent geklomm.

Den neie Generaldirekter betount, datt d’Croix-Rouge sech als Employeur vun der Groussregioun gesäit.

“Mir hu bal 500 Infirmière bei eis schaffen, an all den Aktivitéiten. Dat selwecht och nach eng Kéier bei den Aide-soignantë, eng 400 bei den Educateuren.”

Et wier awer net einfach, Leit unzezéien. Éischtens, well grad am Santésberäich et eng Penurie u Personal gëtt. Also wéilt ee sech als attraktive Patron positionéieren, och fir Educateuren. D’Aarbecht mat eelere Leit a mat jonke stellt een och an d’Fënster.

Aarbechtsmarché soll net "eidel gemaach" ginn

Wat um Enn zur Attraktivitéit vun der Croix-Rouge bäidroe kann ass déi grouss Panoplie u Beruffer, déi si vereent. Esou kann ee verschidde Saache maachen, ouni de Patron wiesselen ze mussen.

De Marc Wagener mengt, datt dovu Gebrauch gemaach gëtt, mee datt een als Direktioun nach méi op Formatioune misst setzen, fir de Leit esou Parcoursen och ze erméiglechen.

Zu deene Leit zielen och vill Frontalieren: 48 Prozent vun der Mataarbechter:inne vun der Croix-Rouge komm vun hanner der Grenz. Dat wier normal an noutwenneg, esou de Marc Wagener.

“Mir mussen dat och iergendswou assuméieren. (...) Et kann een net alles astellen, wat kënnt. Et muss bei eis Valeure passen, bei eis Croix-Rouge-Logik passen, (...) a grad bei Educateure geet näischt iwwer d’Sprooch.”

Et hätt ee keng Absicht, deen Aarbechtsmarché “eidel ze maachen”, seet den neie Generaldirekter. Mee et misst ee sech eebe staark positionéieren.

Cybersécherheet a KI: "Nach eng Schëpp dropleeën"

Innerhalb vum Betrib muss ee sech och par rapport zur Cybersécherheet an der Roll vun der Kënschtlecher Intelligenz positionéieren, och wann een haaptsächlech an engem Secteur aktiv ass, wou de mënschleche Kontakt am Vierdergrond steet.

Haut géing een nach un der Uewerfläch kraze wat all dat ugeet, mee et hellt een d’Thematik eescht, verséchert de Marc Wagener. An de leschte Méint hätt ee vill Frauden a Cyberattacke gesinn.

“D’Fro ass net, ob een et trëfft, mee wéini een et trëfft.”

A Saache KI hätt een eng Task force op d’Bee gestallt. D’Zil ass et, eng KI mat den eegenen Dokumenter ze fidderen, esou datt si sech net iergendwellech Informatiounen aus dem Internet siche geet, esou nach de Marc Wagener.

Lauschterenplay_arrow