Santé

C wéi "Catastrophe": Societéit vun den Urgentisten erweidert hire Kompetenzberäich

2016 ass d'"Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence" gegrënnt ginn, kuerz SLMU. Elo ass ee Buschtaf dobäi komm: den C fir "Catastrophe". Wat hanner där Erweiderung stécht a wou d’SLMUC hir Roll gesäit huet hire President, den Dr. Emile Bock, erkläert.

auto_stories

3 min

headphones

10 min

Den Dr. Emile Bock | © Radio 100,7 play_arrow
Den Dr. Emile Bock (Foto: Radio 100,7)

SLMUC steet fir "Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence et de Catastrophe". Déi rezent Erweiderung kënnt net aus dem Näischt, wéi den Dr. Emile Bock am 100,7-Interview erkläert.

Katastrophemedezin: Et geet virun allem ëm d'Antizipéieren

Covid-Kris, Klimakris – a wie weess, wat d’Zukunft nach bréngt – si Facteuren, déi zu där Erweiderung gefouert hunn. Ausserdeem ass d’Médécine de catastrophe och Deel vun hirem Kompetenzberäich, wéi en Dokter erkläert.

Dofir ass et fir hien och wichteg ze betounen, datt d’Urgentistë méi si wéi just d’Urgence an der Klinik. “Mir gesinn dat fir eis méi breet opzestellen”, seet den SLMU-President.

“(Aner Partner sinn) d’Fleegepersonal, de CGDIS, d’Air Rescue an eventuell och d’Arméi, wou mir eis alleguer an där Societéit zesummefannen a kucken, wéi mir dat Land hei méi resilient maachen a vläit e Plang opsetze fir deem entgéintzewierken, well et geet jo ëmmer ëm Anticipatioun.”

Erweiderung vun der Societéit schéngt e Succès ze sinn

D’SLMU gesäit sech sch als Interlocuteur tëschent verschiddene Gremien, zum Beispill der Santé, dem Inneministère, der Defense an dem Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN). Kompetenze solle gebündelt gi fir zukünftegen Defien entgéintzewierken.

Aktuell géing dës Rechnung och opgoen, mengt den Dr. Emile Bock. D’Zuel vun de Membere géing op e relativ grousse Succès hindeiten. Dat géing een och un der Diversitéit vun den neie Memberen erkennen.

“D’Médécine d’urgence an de catastrophe ass en Teamwork. Net nëmmen tëschent eis an dem Fleegepersonal, mee do si vill aner Acteuren implizéiert.”

Esou hätte sech zum Beispill och Apdikter an Anästhesisten an d’Societéit ageschriwwen.

SLMUC-President spillt Tensiounen tëschent Urgentisten an Anästhesisten erof

Grad tëschent de Lescht-Genannten an den Urgentistë goufen et rezent awer Tensiounen. Dat am Kader vun der Diskussioun, ob och Urgentistë sollen dierfe mat mam SAMU fueren.

D’SLMU huet dat awer ni als Sträit gesinn, betount hire President.

“Vläit huet deen een oder anere sech getouft gespiert, wou déi Revendicatioun komm ass. Mee d’Urgentistë si sécher net do fir een ze ersetzen.”

Weider Virdeeler vun der neier Societéit

Déi erweidert Societéit erlaabt et och elo, Formatiounen an Übungen an engem méi grousse Kader duerchzeféieren.

Wichteg ass och déi international Vernetzung. Do ass een dem EUSEM (European Society For Emergency Medicine) bäigetruden. Dat ass den europäeschen Daachverband vun den Urgentisten.

De berufflechen Austausch op beispillsweis Kongresser wier e wesentlechen Deel vun där Vernetzung, esou den Dr. Emile Bock.

Haaptfokus soll net aus den Ae verluer ginn

2016 ass also den SLMU gegrënnt ginn. 2020 hunn d’Urgentisten hir Spezialisatioun unerkannt kritt. Elo also déi lescht Erweiderung.

Et hätt een e gewëssene Wee gemaach, mengt hire President, an d’Médécine d’urgence op d’Kaart gesat.

Elo wéilt een den nächste Schratt maachen. Iddien hätt ee genuch, an et weist een och, wou aktuell nach d’Problemer léichen. Déi wieren hei am Land vun infrastruktureller a personeller Natur. Um Ekipement géing et awer net leien.

De Service an den Urgencen uechter d’Land war ëmmer den Haaptfokus vun der SLMU. An och wann elo e Kompetenzberäich dobäi komm ass, esou wéilt een dat op kee Fall aus den Ae verléieren, verséchert den Dr. Emile Bock.

Lauschterenplay_arrow