Der Martine Deprez no géif de Remarquë vum Staatsrot Rechnung gedroe gi fir d’Rechtssécherheet ze garantéieren. D'Chamberkommissioun géif - pour Info - déi nei Versioun virgeluecht kréien, fir datt d’Reglementer nach kéinte mat Zäiten Enn Oktober a Kraaft trieden.
"Alles, wat de Staatsrot geschriwwen huet a puncto verfassungsrechtlech Bedenken, a puncto Bedenken zu der Base légale, hu mir analyséiert a mir kënnen Iech soen, datt keng vun deene Remarken net kann opgeholl ginn."
D'Regierung géif och net iwwer dat eraus goe wat de Staatsrot gesot huet an et géife keng nei Dispositiounen an d'Veruerdnung dra geschriwwe ginn, déi net an der Konventioun stoungen.
Enn dës Mounts leeft déi aktuell Konventioun tëschent der CNS an der AMMD aus. D’Dokteschvereenegung hat d’Konventioun d’lescht Joer gekënnegt fir - wéinst politesche Meenungsverschiddenheeten - Drock op de Ministère auszeüben. D’Associatioun vun de Spidolsdoktere (MHS) ware par contre net fir eng Kënnegung vun der Konventioun mat der CNS.
Mediatioun war gescheitert
Béid Säite si sech an der Suite dovun net iwwer eng nei Konventioun eens ginn. Der Dokteschassociatioun AMMD no war d’Mediatioun ënner anerem wéinst aggressiven Aussoe vu Vertrieder vun der CNS gescheitert.
Fir datt Lëtzebuerg e konventionéierte Gesondheetssystem behält, huet de Ministère d’Méiglechkeet, déi selwecht Reegele per Règlement-grand-ducallen ëmzesetzen.
Et géif och eng legal Basis ginn, déi bestëmmt, datt wann et keng Konventioun méi tëschent der AMMD an der CNS gëtt, eng groussherzoglech Veruerdnung dës ofléist, erkläert d’Santésministesch Martine Deprez an der Chamberkommissioun.
Oppositioun äussert Bedenken
Fir de fréieren LSAP-Santésminister Mars di Bartolomeo ass et wichteg, datt et duerch déi Reglementer kee Vide juridique entseet a sech näischt um System änner.
"Kee Vide, keng Tarifautonomie, Sécherheet fir d’Patiente a Sécherheet fir d'Dokteren, vläicht net fir jiddwereen, esou wéi e sech et virgestallt huet, mee awer d'Sécherheet, dass och d'Dokteren sech op eppes kënne beruffen, wat an e legislativen Text gekleet ass."
Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet d’Fro opgeworf, ob net awer misst séier ee Gesetz gestëmmt ginn. D’Martine Deprez huet deem entgéint gesat, datt d’Texter vun de Reglementer mat Zäite kéinten a Kraaft trieden.
"D’Reglement, esouwéi et elo do besteet, kréie mir hin, fir an aller Rechtssécherheet bis den 31. Oktober op de Wee ze bréngen."
Fir de Rescht wier d'CSV-Politikerin och der Meenungen, datt verschidden Artikelen aus dem Code eng Kéier missen op de Leescht geholl ginn.
"Kucken, wéi déi Konventiounen nach besser kënne gestallt ginn, an d'Exekutioun vun deenen Artikelen. Well mir wëllen an enger Konventiounslogik bleiwen."
D’Chamberkommissioun géif an den nächste Wochen op en Neits mat deenen neie Reglementer befaasst ginn, déi eng zweete Kéier vum Staatsrot ënner d’Lupp geholl wäerte ginn, esou nach d'Martine Deprez.