Educatioun

Unzeeche vu sozialer Selektivitéit an de Privat- an an den internationale Schoulen

Privatschoule géifen hei am Land virun allem eng sozio-ökonomësch privilegéiert Schülerschaft unzéien. Dat geet aus engem Rapport zum Theema vum observatoire national de l‘enfance, de la jeunesse at de la qualité scolaire ervir.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Och ëffentlech-international Schoule géifen Unzeeche vu sozialer Selektivitéit weisen, heescht et. Fir deem entgéint ze wierken, misst een op transparent Opnam-Prozeduren a gerecht Accès-Konditioune setzen.

An déi staatlech Finanzéierung vu Privatschoule sollt donieft u kloer definéiert Qualitéitsstandarde gekoppelt sinn.