De Premierminister huet nach emol betount, datt wéinst dem Krich am Noen Osten an de Konsequenze fir d’Inflatioun an d’Energiepräisser dës Tripartite aberuff gouf. Dës wier e Kriseninstrument, bei deem d’Regierung an d’Sozialpartner zesummen no Léisunge sichen.
Premier: Tripartite esou aberuff, wéi et am Koalitiounsaccord virgesinn ass
"Déi Tripartite ass zu dësem Zäitpunkt ageruff ginn, well een elo e bësse méi gesäit, wéi d'Inflatioun evoluéiert. Mir gesinn, an dat huet den Direkter vum Statec och haut jo matgedeelt, datt se dovun ausginn, no hiren aktuelle Previsiounen, datt kann an deenen nächsten 12, 13 Méint méi wéi eng Indextranche erfalen."
Dofir wier elo de richtegen Zäitpunkt fir eng Tripartite, esou de Premier.
An de Virbereedungsgespréicher wier kloer ginn, datt d’Gewerkschaften aus dem private Secteur e méi breeden Ordre du Jour wëllen. Iwwerdeems wéilten d’Patronat an d’Gewerkschaft aus dem ëffentleche Secteur CGFP e méi zentréierten Ordre du Jour, dee sech op d’Konsequenze vun der Energiekris fokusséiert.
Den 12. Mee soll den Experten nogelauschtert ginn
De Luc Frieden huet erkläert, datt hien elo d'Wënsch vun all de Parteie mat an de Regierungsrot hëlt. Dee géif e Freideg zesummekommen.
"Vläicht musse mir och nach de Weekend doriwwer schwätzen, mee mir wäerten also Enn der Woch opgrond vun deene Gespréicher en Ordre du jour festleeën. Den 12. Mee, also den nächsten Dënschdeg, gesi mir eis dann eng Kéier zu dräi. Mat enger klorer Aufgab, nämlech do nozelauschteren, wat d'Experten eis soen."
Hei soll engersäits de Statec kommen, fir déi wirtschaftlech wéi och déi sozial Impakter vun dëser Energiekris ze beliichten. Och Vertrieder:inne vum Energieministère an de Commissaire à l’énergie wäerte present sinn, fir ze kucken, wat beispillsweis mat de Präisser an der Versuergung hei am Land ka geschéien.
D’Tripartiteverhandlunge sollen den 2. Juni ufänken.
Lauschtert hei d'Erklärunge vum Maurice Molitor, dee gëschter d'Pressekonferenz suivéiert huet