Am Normalfall si Cotisatiounserhéijungen éischter op der Quadripartite am Hierscht ee Sujet. Am Fréijoer soll et ëm Spuermesurë goen.
Bei der leschter Quadripartite am Hierscht hat et geheescht, datt een eventuell d’nächst Joer mat Cotisatiounserhéijunge kéint rechnen. Dat, well de leschte Berechnungen no dann d’Reserv ënner déi legal virgeschriwwen 10 Prozent géif falen.
Ausser et géif dëst Joer eng Exceptioun ginn, stinn haut also keng Cotisatiounserhéijungen um Programm. Dofir hunn Aarbechtsgruppen an ee Comité strategique Mesuren ausgeschafft fir manner Depensen ze hunn a méi Recetten ze kréien. Déi Mesurë ginn haut beschwat.
Zur Erënnerung: D’Quadripartite setzt sech zesummen aus dem Staat, de Gewerkschaften, dem Patronat an der CNS. Och d’Dokteschvereenegung AMMD sëtzt offiziell mat um Dësch.
AMMD just als Alibi an der Quadripartite?
De President vun der AMMD, de Chris Roller, sot esouwuel bei eis op der Antenn, wéi och schonn op anere Plazen, datt si viru fäerdeg Tatsaachen op der Quadripartite géife gestallt ginn. An och hie wéisst nach net, wat haut géif beschwat ginn.
"Do sinn d'Decisiounen normalerweis schonn am Virfeld tëschent enger CNS a bon, d'Gewerkschafte si jo souwisou am Conseil vun der CNS. Dat heescht, déi sinn dann do scho souwisou, zesumme mam Ministère, si se sech do iwwer Spuermoossnamen oder wat och ëmmer fir Moossnamen do eens ginn."
D'AMMD, déi zwar offiziell Participant wier, géif a Kenntnis gesat ginn iwwer dat, wat schonn decidéiert gi wier, esou de Chris Roller.
"Mir ginn do quasi e bëssen als Alibi-Participant mat dobäi geholl. Mee mir sinn an deene ganzen Decisiounen, déi do getraff ginn, guer net implizéiert."
Déi Kritik wollt d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez awer op Nofro hin net esou stoe loossen.
"Dat ass ee Consultativgremium, dat ass keen decisionellt Gremium, an do si si au même titre wéi aner Prestatairë mat um Dësch a kënne Propose maachen."
AMMD gesäit sech als Verléierer beim CNS-Budget
D’Dokteschvereenegung kritiséiert ëmmer nees ëffentlech, si wieren d’Verléierer bei der Verdeelung vum CNS-Budget. Zum Beispill bei der Revalorisatioun vun den Dokteschtariffer, bei deene si dës Kéier näischt bäikruten. Dat war jo och ee vun de Grënn, wisou d’AMMD d’Konventioun mat der CNS gekënnegt huet.
Zënterhier gouf vill iwwer der Dokteschvereenegung hir Fuerderungen diskutéiert an dobäi goufen och ëmmer nees Aarbechtsgruppe vum Santésministère ugeschwat.
Aarbechtsgruppen haut kee Sujet
Déi fënnef Aarbechtsgruppe wäerten haut net direkt ee Sujet sinn. Mee natierlech betreffe méiglech Spuermesuren och d’Dokteren an och der AMMD hir Virstellunge wéi eise Gesondheetssystem sollt ausgesinn.
Mir erënneren eis: D’AMMD huet rezent gesot, si kéinten déi nei Konventioun mat der CNS net ënnerschreiwen, well hir politesch Fuerderungen nach net erfëllt wieren.
An engem vun deene fënnef Aarbechtsgruppe soll och iwwer eeben déi Fuerderungen debattéiert ginn, seet d’Ministesch.
"An dee Grupp, wou ech dann da wollt derbäi sinn, war dann déi mat deenen e bësse méi politesche Fuerderungen, ënner anerem d'Eraushuele vum 'utile et nécessaire'. Wat sinn da Fuerderungen um Niveau vun den Actes-nouveaux? Wéi finanzéiere mir Akten, déi ausserhalb vum Spidol gemaach ginn? All déi Diskussiounen hu mir do opgeholl."
De Chris Roller vun der AMMD gesäit dat awer anescht. Hie seet, datt et keen Aarbechtsgrupp fir hir politesch Fuerderunge géif ginn.
"Eis Revendicatioune ginn net mat allen Aarbechtsgruppen ofgedeckt. D'Gouvernance vun der CNS ass ee Punkt. Dann ass weiderhin den 'utile et nécessaire'. Dat ass fir eis e grousse Problem, well d'CNS seet 'utile et nécessaire' si fir si just Chifferen."
Fir Doktere wieren dat Recommandatiounen, esou de Chris Roller.
"Wat gëtt aktuell a wéi enger Fachrichtung recommandéiert bei bestëmmte Fäll? Wat fir Analysen ze maachen? Wat fir Ënnersichungen? An déi Recommandatiounen, déi kennt d'CNS net. Dat heescht, si behaapt zwar den 'utile et nécessaire' ze kennen, mee e weess eigentlech medezinesch guer net, ëm wat et do geet. Dat heescht, do ass e Problem. An deen ass a kengem Grupp de Travail bis elo ofgedeckt.”
Et schéngt also onkloer, wat effektiv an deenen Aarbechtsgruppe beschwat gëtt. Ouni selwer an deenen Aarbechtsgruppen dobäi ze sinn oder Rapporten doraus ze gesinn, kënne mir déi Aussoen net onofhängeg iwwerpréiwen.
Ministesch proposéiert Léisung ëm de Begrëff "utile et nécessaire" am Gesetz
Si huet jiddefalls gesot, et hätt een eng Etüd an Optrag gi fir ze kucken, op de Wee vun engem international unerkannte Katalog ze goen.
“Oft gi si sech relativ séier eens iwwer den Akt selwer, mee da sinn d'Finanzen hannendrun, déi dann e Problem sinn. An do hu mir natierlech e Besoin fir ze kucken, wéi mir da besser e Katalog fannen, dee seet hei dat do ass utile et nécessaire an dat doten ass de Präis, deen dofir muss bezuelt ginn."
Wann een e Katalog hätt, deen dat wëssenschaftlech beleeë kéint, da kéint ee méi séier decidéieren, esou d'Ministesch.
"Duerfir hu mir eng Etüd an Optrag gi fir ze kucken, wat et am Ausland gëtt vun esou Katalogen an ob et gegeebenefalls méiglech wier, an enger Iwwergangsphas mat largen Transitiounsbestëmmungen an ee Katalog ze kommen, deen international unerkannt ass."
Da géif ee sech un ee genormten internationale Katalog vun Akten halen a géif net méi op nationalem Niveau iwwer all eenzelen Akt diskutéieren.
Deen aneren Diskussiounspunkt vun der AMMD ass deen iwwer d’Gouvernance vum Verwaltungsrot vun der CNS. D’Dokteschvereenegung kritiséiert hei, datt d’Gewerkschaften zu engem Drëttel vertruede sinn an d’Patiente representéieren. Dozou sot d’Ministesch ganz kloer, datt dorun net géif gefréckelt ginn.