Spéitsdens Enn dëser Woch wéilt een den definitiven Ordre du jour fir d‘Tripartite festleeën, esou de Luc Frieden. Elo misst ee kucken, wéi een den Ordre du Jour opsetzt.
"“Et muss een also elo kucken, wéi een dat alles zesummebréngt. Ech hunn awer och festgestallt, datt jidderee sech eigentlech eens ass, datt mir gemeinsam Léisunge brauchen, an datt mir an der Tripartite net sämtlech Defie vum Lëtzebuerger Land kënnen diskutéieren. Schonn eleng aus Zäitgrënn. Et muss een also schonn e bëssen de Kader setzen.”
Den 12. Mee géif een dann eng éischte Kéier zu dräi un een Dësch kommen, éier dann ufanks Juni déi éischt richteg Verhandlungsronnen uginn, huet de Premier confirméiert.
CGFP wëllt séier mat de Verhandlunge virukommen
De President vun der Staatsbeamtegewerkschaft Romain Wolff sot no hirer Reunioun mat der Regierung, datt d’CGFP näischt mat op den Ordre du Jour gesat hätt. De Romain Wolff erwaart sech, datt déi ganz Tripartite méi séier virugeet, wéi dat, wat momentan virgesi wier.
Fir d'CGFP wier dee beschte Zenario, wann ee séier mat den Diskussioune géif virukommen.
"An datt et och ganz séier dann zu engem Accord kënnt, an datt dat dann och ganz séier kann ëmgesat ginn. A wat mir natierlech elo méi laang diskutéieren a schwätzen, wat et natierlech ëmmer méi schwiereg gëtt. Duerfir eigentlech dat Bescht wier nom 12. direkt kënne weiderzefueren."
Fir d’Gewerkschaftsunioun OGBL an LCGB gehéieren iwwerdeems véier Punkten op den Ordre du Jour vun der Tripartite.
D’Kafkraaft an d'Energie, d’Aarbechtsplazesécherheet, de Logement an och d’Gesondheetsversuergung hei am Land. Dat soten d’Vertrieder:inne vum OGBL an LCGB no enger Stonn Gespréich am Staatsministère.
Gewerkschaftsunioun: Och iwwer Gesondheetsversuergung misst geschwat ginn
D’Regierung féiert haut hei an der Uewerstad déi éischt Bilateral Gespréicher mat de Sozialpartner. D’Regierung hätt sech d’Fuerderunge vun der Gewerkschaftsfront mol notéiert, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back. Op d’Fro, ob d’Gewerkschafte bereet wieren, ënner anerem de leschte Punkt vun der Gesondheetsversuergung falen ze loossen, sot den LCGB-President Patrick Dury, haut hätte si hir Propose gemaach.
"An Dir musst wëssen, datt déi zwou Organisatiounen u sech gesot hunn, wann eis Gesondheetsversuergung fält, da kënnt et hei am Land zu engem Sozialkonflikt. Nach eng Kéier: Mir sinn net hei, fir Konflikter lass ze trëppelen. Mir sinn hei, fir Léisungen ze fannen."
D'Gesondheetsversuergung wier en Uleies vun der Gewerkschaftsunioun, esou den LCGB-President.
"An do musse mir u sech Rou dra kréien an do musse mir u sech d'Leit kënne berouegen an net d'Leit ëmmer erëm nach méi an d'Onsécherheet bréngen."
Nora Back: Iwwer Kafkraaft schwätzen, heescht iwwer Léin schwätzen
D'OGBL-Presidentin Nora Back huet betount, datt misst iwwe d'Léin geschwat ginn, wann ee géif iwwer d'Kafkraaft vun de Leit schwätzen.
"Mir schwätzen iwwer Energiepräisser. Mir schwätzen iwwer de Mindestloun. Dat wësst Dir, dat waren eise wichtege Punkt."
De Patrick Dury huet iwwerdeems ergänzt, datt och d'Sécherheet vun den Aarbechtsplaze misst ee Sujet sinn.
"All gutt Instrumenter, déi mir hei am Land hunn, wéi de Plan de maintien, d'Sozialpläng, wéi kënne mir déi Instrumenter adaptéieren."
Et wier een nämlech der Meenung, datt et sech bei der aktueller Kris ëm eng schwiereg Kris kéint handelen.
"Déi sech op der Beschäftegung wäert weisen an da muss een u sech d'Existenze vun de Leit ofsécheren. An do hu mir Instrumenter. Mir hunn haut proposéiert an der Tripartite ze kucken, ob mir déi Instrumenter kënne verbesseren, adaptéieren, vereinfachen."
Michel Reckinger: Index op ee Mol d'Joer limitéieren
Fir den UEL-President Michel Reckinger gehéiere strukturell Problemer, wéi d’Gewerkschafte se fuerderen, net op den Ordre Jour vun enger Tripartite, mee konjunkturell Problemer, esou de Michel Reckinger.
De Sujet vun der Tripartite wier de Krich am Noen Osten a seng Konsequenzen.
"Mir hunn haut kloer gemaach, datt et eis geet ëm d'Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie, vun eise Betriber, an déi gëtt haut affektéiert vun Energiepräisser, vun eventuell Rupturë vu Saachen, déi net méi kommen, awer och vu Salairen, déi klammen a vu Lounniewekäschten, déi klammen."
Et hätt ee bei de bilaterale Gespréicher gefrot, wéi ee kéint dofir suergen, datt d'Inflatioun net esou staark klëmmt, wéi am Moment gefaart géif ginn, esou de Michel Reckinger.
"Fir datt mer eventuell déi Indexatioune limitéieren op eng pro Joer. Dat war den éischte Sujet. Den zweete Sujet ass, wat maache mer, wann trotzdeem d'Inflatioun kënnt, wann trotzdeem méi wéi eng Indexatioun kënnt. Wat maache mer dann? Wéi reagéiere mer drop? An dofir wollte mir déi Tripartite fir dat virdrun ze diskutéieren, ier Kand am Pëtz läit."
Fir d’Regierung setzen den CSV-Premier Luc Frieden, den DP-Ausseminister Xavier Bettel, esou wéi den CSV-Finanzminister Gilles Roth an de DP-Logementsminister Claude Meisch mat um Dësch.
De Mëtteg ass och nach d’Staatsbeamtegewerkschaft CGFP am Staatsministère fir e bilateraalt Gespréich mat der Regierung.