Educatioun

D'Zuel vu Jonker, déi d‘lescht Schouljoer ofgebrach hunn, ass liicht erofgaangen

D'Zuel bleift awer iwwer déi lescht fënnef Joer gekuckt stabel, geet aus dem neie Rapport zum Thema vum Educatiounsministère ervir. 2024/25 hätten e bësse méi wéi 1.700 Schüler:innen d‘Schoul ofgebrach. Dat Joer virdrun waren et der ronn 170 méi.

auto_stories

1 min

Symbolbild | © picture alliance / imageBROKER | Unai Huizi
Symbolbild (Foto: picture alliance / imageBROKER | Unai Huizi)

Allerdéngs géifen eng ganz Parti no enger Zäit, wou se net an d‘Schoul gaange sinn, eng Formatioun ufänken.

Generell géife virun allem Jonge wéi Meedercher mat der Schoul ophalen, grad ewéi Jonker, déi zwee oder méi Schouljoer hannendra sinn.