Et hätt een zur Kenntnis geholl, datt déi Lëtzebuerger Regierung zënter Ufank vum Joer d'Netzkäschte beim Stroum subventionéiert, huet et vun de Vertrieder:inne vum Internationale Wärungsfong (IMF) geheescht.
Bei Schock sollten d'Mesuren temporär a cibléiert sinn
Zwar huet d'Ekipp vum IMF gëschter e puermol betount, datt den Impakt vum Krich am Noen Oste real wier, mee wann d'Energiepräisser sech esou géife weiderentwéckelen, wéi et aktuell vun Experte virausgesot gëtt, da wiere weider Mesuren eeben net néideg, esou d'Anna Shabunina vum Internationale Wärungsfong.
"Den Impakt op déi meescht Stéit, wéi se aktuell mat Inflatioun an Energiepräisser prognostizéiert gëtt, wäert moderat sinn an duerch den Index an aner Mesuren ofgefiedert ginn. Sollt de d'Schock sech verschäerfen, da sollt all zousätzlech Hëllef temporär a ganz enk op déi vulnerabelst Gruppen zougeschnidde ginn."
Och déi geplangte Steierreform ass een Thema am Rapport vum IMF. Ronn 900 Millioune soll déi jo pro Joer kaschten. Ze vill, fënnt den IMF, dee recommandéiert, déi Reform méi progressiv ze gestalten - also ewech vun der Entlaaschtung fir jiddereen, hi bei eng méi cibléiert Reform.
"D'Reform verduebelt d'Steierfräibeträg fir jiddereen. Méi effizient wier gewiescht, dat just fir Stéit mat klengem Akommes ze maachen, an et da lues a lues bei den héijen Akommes auslafen ze loossen."
Problemer mat Produktivitéit virun allem am Privatsecteur
Alles an allem steet déi Lëtzebuerg Wirtschaft de Moment net gutt do, esou ee weidere Constat vun de Vertrieder:inne vum IMF. D'Dynamik aus de vergaange Jore wier verluer laang, esou d'Anna Shabunina.
"Dat koum zum Deel aus externe Grënn an där gouf et vill an de leschte Joren, Covid, d'Energiekris, d'Douanestaxen an elo de Krich am Noen Osten, mee: déi Lëtzebuerger Ekonomie ass och manner gewuess wéi den europäeschen Duerchschnëtt."
An dat wier en Hiweis dofir, datt et - virun allem am Privatsecteur - Problemer mat der Produktivitéit géife ginn, esou nach den IMF. Gréisser Schwieregkeete gesäit een och - wéi dat och schonn déi leschte Joren de Fall war - um Logementsmarché.
Hei ass et ënner anerem d'Recommandatioun, eidel stoend Terraine méi héich ze besteieren, fir d'Spekulatioun ze reduzéieren.