LNS

Resultater méi séier kréien: De Staatslaboratoire LNS lancéiert iwwerschafftene Site

Fir datt d’Patienten a Patientinne méi séier un hir Resultater kommen, huet de Staatslaboratoire LNS säin zéng Joer alen Internetsite iwwerschafft. Bei der Presentatioun sot den Direkter Thomas Dentzer, den LNS wier zu Recht an der Press wéinst sengem ze luese Schaffe kritiséiert ginn.

auto_stories

1 min

© Max Voncken
(Foto: Max Voncken)

De Labo hätt an de leschte Joren de Site verbessert, gläichzäiteg méi Personal agestallt an hir Kommunikatioun verbessert.

Analysen am Detail verfollegen

Beispillsweis wieren d’Waardezäite fir ee Resultat an der Pathologie ze kréien, vun 18 Deeg op just nach fënnef Deeg gefall.

"Mir hu wéineg Patienten, déi direkt bei eis kommen. Déi kommen da bei d’Spideeler oder bei den Dokter. Do hu mir Informatiounen, wat mir maachen, wat dat fir si ass, wat dat fir si bedeit, a wou si d'Resultat hir kréien."

D'Doktere kéinten da gesinn, wat fir Analyse genee gemaach ginn a wéi ee se bestelle kann.

"Et kann een och bei eis Material bestellen, wéi Tuben an Etiketten. Da gesäit ee genee, wéi et virgeet an och wéi laang déi Saachen daueren. Dat ass ee Punkt, deen eis wichteg ass, datt mir au fur et à mesure méi Informatiounen drop ginn, datt den Dokter och genau gesäit, wéi laang ass déi Durée, a wéini kann ech de Patient erëm ruffen, datt ech e Resultat hunn."

Den Thomas Denzer preziséiert iwwerdeems, datt de Site op seng Sécherheet gepréift gi wier.