Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  

play_arrow Live
opus

/ Kazen duerch Sterilisatioun a Kastratioun schützen

Déiereschutz zu Lëtzebuerg

Kazen duerch Sterilisatioun a Kastratioun schützen

Vill Kaze ginn ausgesat oder vun hirem Proprietär verlooss. Dat stellen Déiereschutzorganisatiounen fest, déi een Déierenasyl geréieren. Dacks sinn d‘Kazen och net steriliséiert oder kastréiert a verbreede sech dann an der Natur oder an den Déierenheemer weider.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

© picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

Kaze sinn Hausdéieren a ginn dobaussen net gutt eens, wa se ausgesat ginn. Wann een eng Kaz bei sech ophëlt, dann huet een also eng grouss Responsabilitéit iwwer dat Liewewiesen. Och bei der Gebuertekontroll.

D‘Déiereschutzgesetz gesäit vir, datt Kazen déi erausginn, mat Ausnam vu Kazen op Bauerenhäff, solle kastréiert oder steriliséiert ginn, erkläert d‘Veterinärsinspektesch Jeanne Wirtz am Service bien-être animal.

"Et kann een d'Kuederen eebe schonn zimmlech fréi mat zwee, dräi Méint operéieren, an d'Kazen, wa se tëschent véier a sechs Méint al sinn. Dat ass natierlech eng grouss Hëllef da fir d'Gesondheet vun de Kazen.“

Iwwerfëllten Déierenasyler

An den Déierenasyler géif ee mierken, datt d‘Gesetz net respektéiert gëtt. Et misst een an de Grëff kréien, datt d‘Leit hir Kaze steriliséieren, respektiv kastréieren. Zäitweis sinn d‘Asyler och iwwerfëllt, betount d’Liliane Ferron vun der Déiereschutzliga.

"Datt mir mat Zäiten esou voll sinn, datt mir musse souguer refuséieren, och wa Leit wéinst den Ëmstänn d'Urgence eng Kaz mussen ofginn, datt mir se souguer op eng Waardelëscht musse setzen.“

Verschidden Offere fir dem entgéintzewierken

Kaze kënne scho mat fënnef Méint schwanger ginn. Se kréie bis zu sechs Klenger, an dat och nach zwee bis dräi Mol am Joer. Wann een dat esou der Natur iwwerléisst, dann huet dat extreem Konsequenze fir d’Wuelbefanne vun de Kazen.

Dacks ginn et awer Leit, déi hir schwanger Kaz der Natur iwwerloossen. Anerer gi se an engem Asyl of. A fir sech deem kënnen unzepassen, huet d’Déierenasyl vu Gaasperech elo een neit Departement geplangt. Do kënne Kazen a Rou hir Klenger zillen, esou d’Liliane Ferron.

Dee Bau gëtt wéi de Rescht vum Déierenasyl vu Spende finanzéiert a soll d‘Déiere wéi och d‘Personal entlaaschten.

Am Prinzip gëtt an all Déierenasyl zu Lëtzebuerg bei der Adoptioun eng Kastratioun oder eng Sterilisatioun vum Déier virgesinn.

Leit, déi hir Déiere wëlle kastréiere loossen, solle sech un de Veterinär riichten. Am Fall vun enger Kastratioun oder Sterilisatioun vu wëllen Déieren, déi erëm ausgesat ginn, kënnen d’Fraise vum Asyl iwwerholl ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit