Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johannes Brahms (arr. Martin Schmeling) - Ungareschen Danz, Nr.5 Allegro - Vivace - Wiener Philharmoniker, Claudio Abbado (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ No 78 Joer: Tapis Hertz hält ganz op

Liquidatioun fänkt haut un

No 78 Joer: Tapis Hertz hält ganz op

De Lëtzebuerger Traditiounsbetrib Tapis Hertz hält op: No 78 Joer mécht dee leschte Buttek vun Tapis Hertz an der Belle Etoile am September seng Dieren zou. Dat huet d‘Gérante Nathalie Aach an engem Communiqué matgedeelt.

auto_stories

1 min

De gréissten Deel vun de Mataarbechter géif d‘Geschäft verloossen. Déi meescht hätten tëscht 10 an 30 Joer laang do geschafft. D‘Departementer Rideauen an Tapis plein ginn awer vum Familljebetrib 'De Buedemleeër' vun Éilereng iwwerholl, deen och den Numm an e puer Mataarbechter iwwerhëlt.

Tapis Hertz hat 2019 schonn d‘Groussgaass an der Stad verlooss. Nei Konsumgewunnechten, d‘Akafen online, a Problemer an der Branche waren deemools d‘Grënn, sou d‘Gérante.

D‘Pandemie huet Tapis Hertz nach iwwerlieft, mee wéinst der aktueller Konjunkturlag, engem Immobiliesecteur, dee stagnéiert, a méi héije Salairen a Fraisen, wier et net méi méiglech, weiderzefueren.

D‘Liquidatioun fänkt haut un. Uganks September soll Tapis Hertz definitiv zoumaachen.