Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Domenico Scarlatti - Sonat a Ré Mineur, K. 141, L. 422 - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Societéit vun de Gynekologen ass géint eng Verlängerung vum Delai fir Ofdreiwung

No Fuerderung vu Planning Familial

Societéit vun de Gynekologen ass géint eng Verlängerung vum Delai fir Ofdreiwung

D‘Lëtzebuerger Societéit vun de Gynekologen ass géint eng Verlängerung vum Delai fir eng Ofdreiwung. De Planning familial hat dat gefuerdert. D‘Frist vun aktuell 12 Wochen op 14 eropzesetze wier verbonne mat méi héije Gesondheetsrisiken, erkläert de President vun der Gynekologe-Societéit.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Vun der 12. Woch u kéint een iwwerdeems iwwer eng Bluttanalyse erausfannen, ob et sech ëm ee Jong oder ee Meedchen handelt.

D‘Gynekologe soen, datt dat eng ethesch Fro wier, well Elteren aus deem Grond kéinten decidéieren, eng Schwangerschaft ofzebriechen.

Zu de Revendicatioune vun den Dokteren zielt eng spezifesch Tarifikatioun fir d‘Ofdreiwungen. An der aktueller Nomenclature vun der CNS ginn déi Akten als Fausse Couche verrechent.

Dat géif verhënneren, datt een déi genee Zuel un Ofdreiwungen zu Lëtzebuerg kéint erausfannen.