Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Ludwig van Beethoven - Trio a Mi bémol Majeur, Op.38, III. Tempo di Menuetto - Trio Clarinord

play_arrow Live
opus

/ Macron: Maximalisteschen Discours amplaz realistesch Ziler

Frankräich

Macron: Maximalisteschen Discours amplaz realistesch Ziler

Siwe Joer no sengem leschten Europadiscours a gutt 6 Woche virun den Europawalen huet de President e Bilan gezunn an ambitiéis Ziler a punkto Wirtschaft a Verdeedegung gesat. Wéi realistesch sinn déi Ziler?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance / ROPI | Claessens/EUC play_arrow
Foto: picture alliance / ROPI | Claessens/EUC

Den Emmanuel Macron huet dozou opgeruff, nees méi grouss Investissementer ze etabléiere, fir d‘EU ze stäerken. Dat an de Beräicher Kënschtlech Intelligenz oder Verdeedegung un der Weltspëtzt.

Och sollt Europa op europäesch Produiten an Industrië setzen a sech net ze vill op d’USA verloossen. Fir de Victor Warhem vum Centre de Politique Européen ass dat virun allem mat Bléck op d’USA déi richteg Strategie.

“Il avait raison 2017, donc s'il dit ça en 2024, c’est qu'effectivement avec le retour quand même assez probable de Donald Trump au pouvoir aux États-Unis, il serait adéquat de penser à des mesures d’avantage protectionnistes pour nos entreprises, donc favoriser le Buy European”

„Préférence européenne“ och an der Defense

Dës “préférence européenne”, déi den Discours gepräägt huet, soll dem President no och an der Verdeedegungsindustrie méi staark ëmgesat ginn. Den Historiker Laurent Warlouzet, Auteur vum Buch “L’Europe contre l’Europe”, erkläert.

“Premier intérêt de l’Europe de la défense et d’une préférence européenne en matière d’armement, c’est l’intérêt géopolitique. Donc avoir une assurance, si les Américains nous délaissaient. Et le deuxième intérêt, il est industriel, ça permet quand même de créer des emplois en Europe à haute valeur ajoutée.”

Et kënnt op een Trio un

Fir d’Verdeedegung um Kontinent ze stäerke wëll de Macron ee strategescht Konzept op d’Bee stellen, fir Europa hei méi Credibilitéit ze ginn. De Victor Warhem mengt, datt et virun allem op een Trio wäert ukommen.

“Sous format Weimar, les Polonais, les Allemands et les Français vont réfléchir — parce que c’est essentiel — à un certain nombre d’intérêts vitaux de l’Union européenne qui vont caractériser et guider ce projet de défense européenne à long terme.”

Déi nei europäesch Verdeedegung kéint dem President no och e Rakéiteschutzschëld an Atomwaffe matabezéien.

Gewote Virstéiss

De Victor Warhem seet et wier ee maximalisteschen Discours gewiescht, mat deem de Macron éischter op gewote Virstéiss gesat hätt.

"Ce n’est pas un discours qui est destiné à établir une feuille de route réalisable, mais simplement à établir une feuille de route possible. Aussi pour établir un rapport de force avec d’autres partenaires européens, notamment l’Allemagne”

Den Europäesche Mikrokosmos oprëselen

Dës Haltung géing och seng Entwécklung op der europäescher Bün spigelen.

“Il ne cherche pas à être rassembleur en Europe, il cherche à être clivant puisqu’il estime, et il l’a encore dit récemment sur la question ukrainienne, qu’il faut 'secouer un peu' le microcosme européen pour le faire avancer.”

A Frankräich läit aktuell de rietspopulistesche Rassemblement National an de Sondage fir d’Europawal wäit un der Spëtzt. Wéi iwwerzeegend dem Macron seng Virschléi waren, kéint sech dann a sechs Woche weisen.

Lauschterenplay_arrow


Max Tholl (Paräis)

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.