Radioen

On air

Notturno  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Concerto fir Gei an Orchester Nr.1 a Si bémol Majeur, K.207 - Anne-Sophie Mutter (Gei & Dir.), London Philharmonic Orchestra

play_arrow Live
opus

/ Verhandlungen iwwer Wafferou gi virun

Noen Osten

Verhandlungen iwwer Wafferou gi virun

Et gi weider Attacken op d‘Stad Rafah gemellt. Wärenddeem gëtt an Ägypte weider iwwer eng Wafferou verhandelt. Israel seet, déi geplangte Buedemoffensiv kéint no hanne verréckelt ginn, wann d‘Hamas weider Geisele fräiléisst.

auto_stories

1 min

Palästinenser an engem Camp an der Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

Zu Rafah wieren op d'mannst 13 Leit ëm d‘Liewe komm nodeems dräi Haiser bombardéiert goufen, sote palästinensesch Dokteren. Vun israeelescher Säit gëtt et nach keng Confirmatioun vun där presuméierter Attack.

D‘Verhandlungen iwwer eng Wafferou ginn haut an der ägyptescher Haaptstad Kairo virun. Déi militant islamistesch Hamas soll sech haut zu der leschter Propos vun Israel äusseren. Israel hat virgëschter gesot, déi geplangte Buedemoffensiv op Rafah géif no hanne verréckelt ginn ënnert der Konditioun, datt d‘Hamas weider Geisele fräi léisst.

Diskussiounen och a Saudi-Arabien

Iwwer eng Wafferou an d‘Liberatioun vun de Geisele gëtt haut och a Saudi-Arabien diskutéiert. An der Haaptstad Riad ginn ënner anerem den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken an déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock erwaart.

World Central Kitchen hëlt Aarbecht nees op

An der Gazasträif huet déi amerikanesch Hëllefsorganisatioun „World Central Kitchen“ hir Aarbecht nees opgeholl. Si huet matgedeelt, datt 276 Camione prett stéinge fir bal 8 Millioune Moolzechten an de palästinenseschen Territoire ze bréngen.

World Central Kitchen hat am Abrëll all Aktivitéiten an der Gazasträif gestoppt nodeems 7 vun hire Mataarbechter bei enger israeelescher Loftattack ëm d‘Liewe komm waren.