Radioen

On air

De barocke Moien  |  Léon Boëllmann - Zwee Stécker fir Cello a Piano, Op. 31, II. Menuet. Allegro - Trio Parnassus

play_arrow Live
opus

/ CGFP plangt Maniff wéinst "flagrantem Broch" vum Accord Salarial

Staatsbeamtegewerkschaft

CGFP plangt Maniff wéinst "flagrantem Broch" vum Accord Salarial

D‘Staatsbeamtegewerkschaft CGFP huet fir den Owend eng grouss Protestmanifestatioun zu Dummeldeng geplangt. D‘CGFP geheit der Regierung ee „flagrante Broch“ vum Accord Salarial an der Fonctioun publique vir. Konkret kritiséiert si de Bewertungsystem an der Arméi, deen hirer Meenung no net dierft ugewannt ginn.

auto_stories

1 min

Parallel dozou géif d‘CGFP mat engem Affekotebüro zwou Plaintë virbereeden, déi beim Verwaltungsgeriicht wäerten deposéiert ginn.

D‘Staatsbeamtegewerkschaft géif och weider politesch Diskussioune mat verschiddene Parteie féieren.

Mee och déi aktuell CSV-DP Regierung géif déi kontraktuell Obligatioun vum Accord Salarial net respektéieren an dat wier inakzeptabel, sou d‘CGFP an engem Communiqué op hirem Internetsite.